Refus vun Euthanasien "Mir hu Beweiser géint ee Spidol"

D'Associatioun Mäi Wëlle, mäi Wee huet de Verdacht, datt zwee bis dräi Lëtzebuerger Spideeler keng Euthanasië wëlle maachen. Dat sot de President vun der Associatioun, de Jean-Jacques Schonckert.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Jean-Jacques Schonckert

Ëm wéi eng Spideeler et geet, wollt de Jean-Jacques Schonckert net soen. Géint eng vun dëse Klinicken hat d'Associatioun d'lescht Joer eng Plainte beim Gesondheetsministère gemaach.

"All Dokter ass fräi dat ze maachen oder net. A mir wëllen och net - dat ass e Risiko - datt do op eemol eng Lescht zirkuléiert. An Däitschland hate se zum Beispill een Dokter, deen aktiv fir d'Euthanasie militéiert huet. Deen hu se dann Doktor Tod genannt. Dat wëllz jo keen, an dat wier d'Gefor, datt Leit géife profitéieren, fir esou eppes ze maachen. Ech weess awer och, datt beim Collège médical Efforte gemaach ginn, wou Dokteren ënner sech schwätzen, fir datt do e Grupp zesummekënnt, dee sech dann och an dem Sënn 'oute' wäert."

De Jean-Jacques Schonckert seet, de Ministère géif deemnächst Beweiser an dëser Affär iwwerreecht kréien. Hien erwaart sech, datt déi nei Gesondheetsministesch Paulette Lenert dono tranchéiert.

En Tabu-Theema

Och zéng Joer no der Legalisatioun vun der Euthanasie bleift den Doud en Tabu-Theema ënner den Dokteren. Verschidde Patienten hätten dofir Problemer en Dokter ze fannen, dee bereet ass eng Euthanasie ze maachen, esou de Jean-Jacques Schonckert. Hien ënnersträicht awer och, d'Patiente misste Verantwortung iwwerhuelen:

"Do soll een, dat ass ugeroden, sech virdru mat sengem eegenen Hausdokter ofschwätzen. Dat heescht, et muss een et och bei sengem Dokter thematiséieren. A wann een da mierkt, datt deen net esou waarm dofir ass, da sollt een am Virfeld kucken, datt een un déi néideg Adresse kennt."

De Collège médical wier amgaang e Grupp vun Dokteren zesummenzestellen, deen d'Leit an esou Situatioune kéint ënnerstëtzen, esou nach de Jean-Jacques Schonckert.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Dr. Jean-Claude Schmit
Stierfhëllef

An de leschten zéng Joer goufen et hei am Land ronn 70 Fäll vun Euthanasie. 2017 an 2018 gouf manner dacks Stierfhëllef an de Klinike geleescht. An Zukunft soll de Public an d'Doktere verstäerkt informéiert ginn.

Euthanasie
10 Joer Euthanasiegesetz

Dëse Weekend waren et zéng Joer hier, datt d'Gesetz iwwer d'Stierfhëllef a Kraaft getrueden ass. Der Associatioun Mäi Wëlle, Mäi Wee no, wier d'Euthanasie an der Praxis awer quasi non-existent.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen