Den Owend ass et esou wäit: Um Mëtternuecht eiser Zäit verléisst Groussbritannien d'EU. D'Brexit Supporteren an hiren de-facto Leader Nigel Farage hu fir deen historesche Brexit Day den Owend eng grouss Party beim Parlament zu London organiséiert. Do virdrun haten déi pro-europäesch Remainers sech och nach emol zu Westminster versammelt fir eng Zort Gedenkzeremonie un déi brittesch EU Memberschaft, déi no bal 50 Joer elo mol eriwwer ass.
Si wénke mat groussen europäesche Fändele virum Parlament a sangen d'Europahymn.
Vläicht sange si eng leschte Kéier, well den Owend, wann de Brexit vu Farage a Co hei op der Wiss virum Parliament Square gefeiert gëtt, wäerten net vill Remainers dobäi sinn. Ee Grond ass, datt der vill vun hinnen Doudesmenacë kritt hunn, a si wéilten den Owend keng Gewalt provozéieren. "A souwisou," seet eng Fra, "et brécht eis einfach d'Häerz".
Nieft mir steet eng eeler Damm - "ech sinn 83 Joer al", seet si, al genuch fir ze wëssen, datt d'EU de Britte vill Gutts bruecht hätt.
D'Remainers sinn traureg, mee net resignéiert - an de Kampf fir Europa wëlle si net opginn.
Si géif dat vläicht net méi mat erliewen, seet nach déi 83 Joer al Far, mee Näischt wär fir ëmmer - och de Brexit net, an dat géifen déi aner fréier oder spéider och erausfannen.