Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hätten eis méi Ënnerstëtzung erwaart"

Waasserschutz a Landwirtschaft

"Mir hätten eis méi Ënnerstëtzung erwaart"

De Christian Wester, Vizepresident vun der Bauerenzentral, kritiséiert de Landwirtschaftsministère. Bei de Waasserschutzzonen hätt een d'Gefill, et géif ee vun "uewen erof" bevormundet ginn.

auto_stories

3 min

Geméis- a Mëllechbauere sinn aktuell besonnesch vun der Dréchent betraff. D'Landwirtschaft géif beim Fudder aktuell schonn op Reserven zeréckgräife fir d'nächst Joer, seet de Christian Wester vun der Bauerenzentral.

D'Waasserschutzzon ronderëm de Stauséi wier dee gréissten Drénkwaasserreservoir hei am Land an och déi problemateschst Zon, mengt de Christian Wester. De Problem wier iwwer dat ganzt Joer present. Et wéilt ee proppert Waasser fir d'Mënschen an och fir d'Déieren hunn. "Mee mir sinn awer am Moment der Meenung, datt verschidde Mesurë vu Säite vum Ëmweltministère einfach iwwer de Knéi gebrach ginn."

D'Landwirtschaft hätt déi lescht Jore scho vill Efforte gemaach, an et hätt een och villes Opweises. De Problem vun de Bloalge géif net eleng op d'Landwirtschaft zeréckgoen, well d'Algë Phosphor brauche fir sech ze multiplizéieren. Dat wiere Produiten, déi beispillsweis aus Wäschmëttel géife kommen. D'Kläranlage wiere vläicht net performant genuch, mengt de Christian Wester.

Waasserschutz: Net vun uewen erof

Um Stauséi gëtt et d'Genossenschaft LAKU, déi zesumme mat der SEBES déi lescht Joren intensiv Pilotprojete gestart huet, déi elo an der Praxis ukomm ass. Hei géif reell eppes fir de Waasserschutz gemaach ginn, mat Mesuren, déi och fir d'Betriber finanziell ze verkraafte wieren, esou de Christian Wester.

"Mir als Landwirtschaft si bereet eisen Deel bäizedroen, mee dat soll proaktiv mat der Landwirtschaft geschéien, an net vun uewen erof." Et hätt een d'Gefill, datt ee vun uewen erof bevormundet géif ginn an de Fakten um Terrain vu Säite vun der Ëmweltverwaltung net ëmmer Rechnung gedroe géif ginn.

De Bauer a Vizepresident vun enger vun de Interessevertriedungen aus dem Secteur, de Christian Wester, hätt sech méi Ënnerstëtzung vum Landwirtschaftsministère géigeniwwer dem Ëmweltministère erwaart. Et géif eng Ekologiséierung vun der Landwirtschaft bedriwwe ginn, mee dat primäert Zil sollt awer sinn, fir Liewensmëttel ze produzéieren, esou de Christian Wester.

Gen-Editéierung

An Zukunft misst méi an d'Fuerschung investéiert gi fir nei Zorten ze entwéckelen, déi dem Klimawandel ugepasst sinn. De Christian Wester bedauert, datt déi sougenannten Gen-Editéierung vum Europäesche Geriichtshaff als konventionell Gentechnik agestuuft a verbuede gouf.

Mat Nanotechnologie géif an de Gensträng Stécker vun de Genen erausgeschnidde ginn an näischt vun enger anerer Planz dobäi gesat ginn, erkläert hien. "Et ass keng Gentechnik, wéi d'Leit sech dat esou virstellen, datt ee vu enzwousch en Enzym vun engem Déier huelen an dat an eng Planz aplanze géif. Dat géif d'Landwirtschaft staark treffen, well een dem Klimawandel elo net méi mat neien Zorte wäert nokommen, esou de Vizepresident vun der Bauerenzentral.