Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hätten do eppes kënne bäidroen"

National Ethikkommissioun

"Mir hätten do eppes kënne bäidroen"

Déi national Ethikkommissioun bedauert, datt si net vun der Regierung beoptraagt gouf, en Avis iwwer d'Legaliséierung vum Cannabis auszeschaffen. Da sot d'Presidentin vun deem Gremium, d'Julie-Suzanne Bausch.

auto_stories

2 min

D'Julie-Suzanne Bausch ass fréier Philosophieprofessorin a Presidentin vun der Nationaler Ethikkommissioun

D'Julie-Suzanne Bausch wier iwwerzeegt, datt hir Kommissioun dank den ënnerschiddlechen Expertisë vun hire Memberen eppes zu där Diskussioun bäizedroen hätt. An der Ethikkommissioun géife Leit schaffen, déi sech wierklech mat der Thematik beschäftegen, also mat der Psychologie, Psychiatrie a Suchtproblematik.

Konsens fannen

Déi national Ethikkommissioun ass en diskret Gremium, dat d'Regierung a bio-ethesche Froe beréit. Hir 15 Memberen hunn ënnerschiddlechst Profiller. D'CNE wier e Modèle reduit vun der Gesellschaft a géif no um Terrain schaffen, an doduerch dacks mat deenen Thematiken a Kontakt kommen.

Et géif ee probéieren e Konsens tëschent deene 15 Leit ze fannen. "A Konsens wëllt net heeschen: mir sangen all de selwechten Toun deen nämmlechte Moment." Konsens heescht der Julie-Suzanne Bausch no, datt ee kann deen Effort vun Toleranz, vu Pluralismus unifiéieren. Et wier heiansdo eng "Quadratur des Kreises", ma et géif net drëm goen eng "lau" Positioun auszeschaffen.

Kënschtlech Intelligenz

Artificiell, also kënschtlech Intelligenz (kuerz KI), an déi ethesch Aspekter, déi domat zesummenhänken, ass en Theema, dat am Moment weltwäit diskutéiert gëtt. Wat bréngt et, dee Sujet och nach duerch e Lëtzebuerger Brëll ze kucken? Déi national Ethikkommissioun schafft grad un engem Avis zu deem Theema.

"Et seet een ëmmer: "Plus on est de fous, plus on rit." Wat méi Leit sech där Saach do unhuelen, wat besser. Wat an eiser Kommissioun interessant ass, dat ass, datt mir wierklech quasi vun all Eck vun der Societéit, déi touchéiert gëtt vun deem Phenomeen vum Developpement vun der KI, hu mir Vertrieder. An et gëtt wéineg Ethikkommissiounen, déi esou pluralistesch oder esou breet opgestallt si mat de Perspektiven op e Sujet wéi eis."