Radioen

On air

De Moien  |  The Tallest Man On Earth - Burden Of Tomorrow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir fanne keng Leit!"

Rekrutementsproblemer

"Mir fanne keng Leit!"

Dat ass eng Klo, déi ee méi dacks héiert, aus verschiddene Secteure vun eiser Ekonomie, vu ganz ënnerschiddleche Beruffsstänn. D'Lëtzebuerger Architekten- an Ingenieursbüroe ginn d'Aarbecht bal net meeschter am Moment. De Bau boomt, d'Zuel vun de Projeten explodéiert, sief et am Logement oder bei den Infrastrukturen. Fir nozekomme géifen d'Büroe gär astellen, mä d'Profiller, déi si sichen, sinn um Aarbechtsmaart rar geséint.

auto_stories

5 min

De Jos Dell seet, hie géif direkt zwee Leit astellen. Hien ass Associé vum Büro M3 architectes, mat 40 Leit ee vun de gréissten Architektebüroen am Land. De Marc Feider huet bei Schroeder et Associés, mat 290 Mataarbechter deem gréissten Ingenieursbüro zu Lëtzebuerg, an der Lescht ëmmer 25 Leit pro Joer agestallt: Zéng fir nei Aarbechtsplazen a 15 fir Departen opzefänken.

Staatscarrièren ze attraktiv

An elo si mir um Thema: wou ginn déi Leit dann hin? Bei de Staat, d'Gemengen - bei d'ëffentlech Hand. Vill Lëtzebuerger wieren effektiv vu Staatscarrièren ugezunn, seet de Marc Feider. D'Carrièren am Privatsecteur wieren net sou previsibel, wéi déi am ëffentleche Secteur. Do géif de Problem leien. Et hätt een awer och gemierkt, datt de Beruff, wann ee Freed domat huet, méi bënnt, wéi just d'Gehalt.

Deen éischte Kritikpunkt un der ëffentlecher Hand ass also, datt si ze gutt bezilt, an hir Carrièrë sinn ze vill attraktiv. Et gëtt nach een zweete Kritikpunkt. D'ëffentlech Hand misst guer net souvill rekrutéieren, wéi si rekrutéiert. An engem Land wéi Lëtzebuerg sollt dat Staatlecht oder dat Parastaatlecht net ze grouss ginn. Et sollt ee kucken, de privaten Architekten an Ingenieure Missiounen ze ginn. Parastaatlech oder staatlech Institutiounen hätte finanziell Capacitéiten, déi privat Entreprisen net kéinten droen. Och de Jos Dell ass der Meenung, datt vill Leit wéinst der Stabilitéit an den ëffentleche Secteur géinge wiesselen.

Mat där Kritik ass net nëmmen, mä och, d'SNHBM viséiert, d'Société Nationale des Habitations à Bon Marché. D'SNHBM hätt d'Unzuel u Salariéen vu 45 am Joer 2014 op 90 Mataarbechter Enn 2017 verduebelt. Et hätt een natierlech och deen een oder aneren Architekt agestallt, sou den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer. Et wier dacks méi einfach verschidde Projete mat internen Architekten ze maachen.

Et géif een awer och fir vill Projeten op extern Architekten zréckgräifen. Rezent hätt een ee Concours ofgeschloss, bei deem och Architekte matgemaach hunn. Bei anere grousse Projeten, wéi um Kierchbierg, hätt een och ganz vill extern Architekte mat drop schaffen.

"Et muss ee kee Genie an der Mathe an an der Physik sinn"

D'Rekrutementsproblemer hunn awer net just eppes mat der Konkurrenz vun ëffentlechen Acteuren ze dinn. Et géif wuel och domat zesummenhänken, datt vill jonk Leit falsch Virstellunge vum Beruff hätten, respektiv vun de Viraussetzungen, déi ee misst erfëllen, fir e kënnen ze maachen. "Et muss een net e Genie sinn, an der Mathe an an der Physik", seet de Pierre Hurt, den Direkter vum OAI. Et géing manner drëm goen, mathematesch Formelen z'applizéieren. Et wier méi wichteg, d'Kreativitéit an de Wëllen ze hunn, zesumme mat anere Leit eppes ze realiséieren. Déi technesch Fächer wieren natierlech do, déi misst een och beherrschen, et wier awer net ausschlaggebend.

Et bräicht een technikbegeeschtert Leit, déi oppe fir nei Technologien an Iwwerleeunge wieren, mengt de Gilles Christnach, Ingenieur am Beräich Haustechnik. Et bräicht een awer natierlech e Bagage de base an der Physik an an der Mathe. Et misst ee just zwee Gesetzer uwenden, de Rescht léiert ee sech am Beruff selwer, sou de Gilles Christnach, Ingenieur am Beräich Haustechnik.

Grenzregioun bedéngt gëeegent, fir Leit ze rekrutéieren

Et geet net just ëm de BAC +5, do wär de Besoin nach bal am klengsten. De Secteur wär virun allem och staark interesséiert un Ingenieur-Technicienen an un einfachen Techniker. De klassesche Lëtzebuerger Reflex wär jo dann, sech d'Mataarbechter, déi gebraucht ginn an Nopeschregioune sichen ze goen, an de Kollegen déi Säit de Grenzen d'Leit auszespanen. Nofro bei der Architektekammer vum Saarland: Wéi gesäit et aus? D'Äntwert: mir hu keng Kenntnis vu Kloe vun eise Memberen, datt Leit géife vu Lëtzebuerger Büroen debauchéiert ginn. Iwwregens: d'Büroen am Saarland wäre selwer op der Sich no bestëmmte Profiller, seet d'Pressespriecherin op Nofro. A wéi ass et hei vir an der Belsch?

No de Studie missten d'Architekten zwee Joer laang Stagë maachen. Entweder an der Belsch oder zu Lëtzebuerg. Et hätt ee kee Problem mat lëtzebuergesche Büroen, déi Architekten aus der Belsch géinge astellen, seet den Olivier Dupuis, President vum Conseil francophone et germanophone de l'Ordre des Architectes. Et wier fir jonk Architekte vill méi ee Carrièrëchoix, ob si wëllen an der Belsch oder an engem anere Land schaffen.

D'Grenzregioun wier nëmme bedéngt gëeegent, fir Leit ze rekrutéieren. Wéinst de ville Projeten, déi vu Büroe mat Lëtzebuerger Verwaltunge realiséiert ginn, wär d'Lëtzebuerger Sprooch nach e wichtege Critère bei der Astellung.

"Lëtzebuerg ka Virreider ginn"

Aus deem Grond investéiert den OAI am Moment och vill Zäit a Moyenen, fir d'Beruffer, déi e vertrëtt, bei der Jugend hei am Land virzestellen an dofir ze begeeschteren. An e géif sech wënschen, datt de Staat déi Promotioun mat ënnerstëtzt. Wann de Besoin u Personal bis gedeckt wier, da kéint Lëtzebuerg en europäesche Virreider a Saachen Innovatioun am Bausecteur ginn, sou de Pierre Hurt.

"Mir si Laboratoire, wéi mir kënnen intelligent zesumme liewen. Mir si jo dat Land an Europa, dat 2017 nëmmen nach Passiv-Haiser baut."

Lëtzebuerg wier jo och scho Virreider, dofir bedauert de Pierre Hurt, datt een net mat der ëffentlecher Hand op dee Secteur géing hiweisen an eppes opbauen, wou een deenen anere Länner viraus wier. "Mir sinn e Laboratoire fir kënne mat deene Beruffer, déi alleguer da bei eis onofhängeg Beroder sinn, e schlaut Zesummeliewen ze konzipéieren an ëmzesetzen.

Lëtzebuerg an enger Virreiderroll, Export vu rout-wäiss-bloem Knowhow: dat ass wuel awer eréischt déi iwwernächst Etapp. An enger éischter Phas geet et emol ganz banal drëm z'assuréieren, datt all d'Projeten, déi hei am Land ufalen, och kënne realiséiert ginn.