Radioen

On air

De Weekend  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir dierfe keng Zäit méi verléieren"

Klimaschutz

"Mir dierfe keng Zäit méi verléieren"

Et hätt kee Wäert, déi national Klimaziler als Reaktioun op den neien IPCC-Rapport nach eemol eropzeschrauwen, seet de François Bausch.

auto_stories

2 min

De François Bausch ass Verdeedegungsminister a Vizepremier

De Resumé lauschterenplay_arrow


Et misst ee villméi alles dru setzen, fir déi Emissiounsreduktiounen, déi schonn decidéiert sinn, iwwerhaapt ze erreechen: déi fixéiert Objektiver géife jo awer "wansinneg wäit goen", sou de grénge Vizepremier.

Fir de François Bausch geet et drëms ze verstoen, datt ee keng Zäit méi dierf verléiere fir déi ambitionéiert Objektiver bis 2030 an déi sektoriell Ziler ëmzesetzen. "Do dierf et kee Kompromëss méi ginn."

D'Klima-Kris ass fir hien dee schwieregst an imminentst Erausfuerderung vun den nächste Méint: d'Regierung kéim do net laanscht couragéiert Decisiounen, well et an där Fro net méi fënnef vir, mee scho laang eng Minutt op 12 wier.

Eng global Diskussioun iwwer Steiergerechtegkeet

De grénge Vizepremier hält wéineg vun der Iddi vun enger Corona-Steier, déi den LSAP-Vizepremier Dan Kersch an d'Spill bruecht huet. De François Bausch plädéiert fir eng global Diskussioun iwwer méi Steiergerechtegkeet, well do léich d'Kromm an der Heck.

"Et mécht kee Sënn mat esou eenzele Fuerderungen ze kommen, mat iergendenger Steier, déi een elo einfach an de Raum geheit. Dat gëtt zerriet a féiert och net dozou, datt mer zu där méi gesamter Diskussioun kommen."

Esou eng Diskussioun wier awer bluttnoutwenneg an dofir géifen déi gréng sech och an den nächsten zwee Joer zu der Steiergerechtegkeet positionéieren. De François Bausch gëtt awer zou, datt et europa- a souguer weltwäit zu enger méi gerechter Fiskalitéit misst kommen.

D'Beispill vun de Superräichen, déi sech aktuelle Kontext Eskapaden an de Weltraum leeschten, misst een interpelléieren, sou de François Bausch:

"Dat war fir mech de Summum vum Zynismus, an dat beweist, datt mer e grousse Gerechtegkeetsproblem an eiser Gesellschaft hunn."

Wann dee Problem net geléist gëtt, wieren Derapagen an eiser Gesellschaft wuel net méi ze verhënneren.