Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Beach Fossils - Run To The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir denken, nach zwou bis dräi Wochen"

Corona-Pandemie

"Mir denken, nach zwou bis dräi Wochen"

Am Centre Hospitalier an der Stad leien am Moment 39 COVID-19-Patienten, vun deenen der zéng - also ee Véierel - intensiv musse behandelt ginn. Domat sinn d'Capacitéiten vum CHL awer net ausgelaascht. Net just dowéinst, mee och well déi aner Aktivitéite ganz staark zeréckgefuer goufen, wier et méi roueg am Spidol, wéi ee sech dat vläicht virstellt. Dat sot d'Dokter Thérèse Staub de Mueren am 100,7-Interview, si ass d'Cheffin vum Service des maladies infectieuses am CHL.

auto_stories

2 min

Manner Stress also wéi ee kéint mengen, trotzdeem géif d'Aarbecht op de COVID-19-Stäck dem Personal munches ofverlaangen. Nieft dem psychologeschen Drock hätt dat och domat ze dinn, datt alles méi ëmständlech wier - z. B. wéinst der spezieller Schutz-Kleedung am Astronaute-Look, seet d'Dr. Thérèse Staub:

"Jo, dat ass déi üblech Tenue. Mir hate ganz deck Tenuen, sou datt d'Leit vill geschweesst hunn, si waren total naass dorënner. Elo hu mir nei Tenuen, déi net méi sou déck sinn, an dat geet vill besser."

Nach zwou bis dräi Woche Confinement

D'Dokter Thérèse Staub ass och Presidentin vum Conseil national des maladies infectieuses, dat ass e Gremium, deen d'Regierung beréit, an deen eng kloer Virstellung huet, wat den Deconfimenemt ubelaangt.

D'Zuele vun den Infektioune géife sech de Moment zwar verbesseren, mee d'Dr. Thérèse Staub mengt, datt et ze fréi wier fir d'Mesuren opzelackeren. Et sollt ee waarden, bis manner Patienten an der Reanimatioun wieren. "Mir denken, mindestens zwou oder dräi Wochen nach."

"Discovery"-Etüd leeft un

Dës Woch misst am CHL och d'Etüd "Discovery" ulafen, déi ënnersicht, wéi verschidde Medikamenter géint Malaria, HIV an Ebola wierken, wann ee COVID-19-Patienten domat behandelt. Zu Paräis hätt ee mat 100 Patiente mat där Etüd schonn ugefaangen. No 150 Patiente géif eng éischt Analys gemaach gi fir ze kucken, ob ee vun deene Mëttele besser wier wéi en aneren.

Definitiv Conclusioune ginn eréischt gezunn, wann an de Spideeler, déi participéieren, am Ganzen 3.500 Patienten erduerch sinn. Déi maachen natierlech all fräiwëlleg mat, si ginn ausféierlech gebrieft, mussen da mat hirer Ënnerschrëft den Accord ginn, an et ass dann den Zoufall, deen decidéiert, wéi eent vun deene Medikamenter un hinnen ausprobéiert gëtt.