Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Infinite Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Mir brauchen eng Denkmalschutzpolitik, déi op nationalem Niveau funktionéiert!"

Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun

"Mir brauchen eng Denkmalschutzpolitik, déi op nationalem Niveau funktionéiert!"

Am Virfeld vun de Wale publizéiere vill Associatiounen e Fuerderungskatalog, esou och déi Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun. Si sinn onzefridde mat der aktueller Situatioun, vill schützenswäert Gebaier géifen ofgerappt ginn. Fir dat ze ännere bräicht et e Mechanismus deen op nationalem Niveau funktionéiert. Aktuell ginn et der awer zwee.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Engersäits gëtt et do dat nationaalt Denkmalschutzgesetz an dann den Urbanismusschutz duerch d'PAG'en an de Gemengen, seet de Paul Ewen, Spriecher vun der Denkmalschutzfederatioun.

Et wier dobäi net esou, datt d'Gesetzer net respektéiert ginn. De kommunale Schutz géif just net esou funktionéieren, wéi et vum Legislatur geduecht war. All Gemeng géif dat e bëssen anescht maachen. De Pol Ewen nennt Beispiller. D'Gemeng Réimech géif just een eenzegt Gebai schützen, vun engen 300 déi u sech missten erhale bleiwen. Nidderaanwen géif par konter 100 Prozent schützen, vun deem wat de Kulturministère hinne proposéiert huet.

Denkmalschutz oder Logement?

De Paul Ewen erkläert datt, d'Gebaier déi national oder kommunal geschützt sinn, eng Minoritéit wieren a géifen dem Logementsproblem net am Wee stoen. "Mir hu genuch aner Platzen an och Bauten, déi kënnen ofgerappt ginn - fir eppes Neies opzebauen."

D'Federatioun fuerdert nach e staatleche Baumeeschter. Dee soll d'Gemengen zwéngend beroden. Nëmmen esou kéint ee koherent mat eisem Bauiewen ëmgoen.

D'nächst Woch ass an der Chamber eng Debatt iwwer eng Petitioun zum Theema. D'Federatioun erwaart vun der Debatt virun allem, datt d'Diskussioun ëm den Denkmalschutz net ofräisst.