Radioen

On air

Notturno  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauchen der dräimol méi"

Buedemdeponien

"Mir brauchen der dräimol méi"

De Lëtzebuerger Bausecteur produzéiert all Joer aacht Milliounen Tonne Buedem, deen op Chantieren ausgebaggert gëtt. Den Ament gëtt et véier Deponien, wou Camionen dëse Buedem oflueden an duerno eidel erausfuere kënnen. Dat geet bei wäitem net duer, soen d'Entrepreneuren a d'Baufirmaen.

auto_stories

6 min

Bis zu 600 Camione pro Dag op der Deponie zu Kolmer-Bierg

Op der Deponie zu Kolmer-Bierg um Rouscht ass héije Betrib. Voll beluede Camione rulle praktesch non-stop eran. Tëschent 10.000 an 12.000 Tonnen den Dag Buedem ginn deposéiert. Dat entsprécht ronn 600 Camione pro Dag, seet de Pol Faber, de General-Sekretär vum Groupement vun den Entrepreneuren am Bausecteur. "D'Camione bréngen dat, wat op Schantercher ausgegruewe gëtt a wat net méi gebraucht gëtt."

"Dat ass zu 100 Prozent Buedem" seet de Pol Faber. "Déi Däitsch soen dofir Bodenaushub." Dee géif an der Decharge deponéiert a festgewalzt, fir eng gewësse Stabilitéit z'erreechen. Dono géif op dësen Arealer nees Wuess ugeséit ginn.

Net genuch Buedemdeponien

Pro Joer ginn zu Lëtzebuerg aacht Milliounen Tonne Buedem fir Bauprojeten ausgegruewen. De Problem an der Diskussioun ronderëm de Bauschutt läit vill méi beim Buedem a vill manner beim eigentleche Bauschutt, wéi Bëtong, Zillen, an anerem Material. De Bauschutt géif haut nämlech zum gréissten Deel a kleng Stécker zerluecht a recycléiert ginn, seet de Louis Wagner, Patron vun der Firma Entrapaulus. Dee Bauschutt kann duerno nees verwäert ginn, zum Beispill fir Stroossen ze bauen.

Deen ausgegruewene Buedem muss ewech gefouert ginn. Hei fänkt de Problem un, soen Entrepreneuren a Bauentreprisë scho jorelaang. Et géif net genuch Buedemdeponien zu Lëtzebuerg ginn, sou de Pol Faber.

"Fir de Moment fonctionnéieren zu Lëtzebuerg véier Bauschuttdeponien an engem normale System. Dat heescht, den Entrepreneur kann dës Deponien ufueren, de Buedem oftippen an eidel nees op de Chantier fueren, fir nees Buedem sichen ze goen."

Opfuerderung u Politik

Déi meeschten aner Deponië wieren a Carrièren, an deene fir d'éischt misst Plaz gemaach ginn, ier Buedem däerf entreposéiert ginn. An dësen Dechargen dierft een de Camion zwar eidel maachen, et misst een awer och gläichzäiteg nees Steng oder eppes Anescht mat eraushuelen, seet de Pol Faber.

Déi véier Buedemdeponien, déi den Ament fonctionnéieren, sinn zu Kolmer-Bierg, zu Suessem, zu Noutem an zu Housen. Nodeems d'Gemenge Suessem an Déifferdeng sech rezent géint eng nei Buedempeponie ausgeschwat haten, huet de Pol Faber am Numm vum Groupement vun den Entrepreneuren d'Politik opgefuerdert, ze handelen. Et bräicht een elo direkt dräimol méi Deponien.

"Fir d'Weeër zu Lëtzebuerg sou kuerz wéi méiglech ze maachen, fuerdere mir, datt am ganzen zwielef Deponien zu Lëtzebuerg solle fonctionnéieren."

Effikasst Schaffen net méiglech

Et wier e Problem, datt et zu Lëtzebuerg net genuch Deponië géif ginn, seet de Gil Enriques, de Patron vun der Firma Démolitions M & H vu Péiteng.

D'Deponie zu Suessem wier dacks struppevoll, si missten dann aus dem Süde ronn 40 Kilometer wäit op Kolmer-Bierg fueren, an do stonnelaang waarden, fir ze tippen. Dat wier extrem problematesch fir d'Entrepreneuren. Wann et reent, an de Buedem naass ass, géife si dacks och nees heemgeschéckt ginn.

Wéinst deem laange Waarden an de wäite Weeër, missten Entreprisë Commanden einfach fale loossen, sou de Gil Enriques.

Deiere Baupräis wéinst ze wéineg Deponien

D'Penurie vu Buedemdeponien dréckt och d'Baupräisser zu Lëtzebuerg an d'Luucht. De Präis fir eng Tonn Buedem zu Kolmer-Bierg ze tippen, ass an de leschte Jore geklommen. E läit elo bei ronn siwen Euro pro Tonn. Dovunner kritt d'Gemeng als Tax een Euro d'Tonn, seet de Pol Faber.

"Och dat mécht d'Bauen zu Lëtzebuerg net méi bëlleg. Pro Eefamilljenhaus kann ee mat 1.000 Tonne Buedem rechnen. Dat si ronn 50 Camionen. De Käschtepunkt, just fir de Buedem fir ee Familljenhaus fortzeféieren, beleeft sech deemno op 20.000 bis 30.000 Euro"

Wann d'Offer vun Deponien der Demande weider net nokënnt, géifen déi Präisser och an Zukunft weider klammen. An dat missten d'Bauentreprisen un d'Cliente weider verrechnen, betount de Gil Enriques.

"Wann een awer op eng Deponie kéint zeréckgräifen, déi just zéng Kilometer wäit ewech wier, da kéinte mir all Dag ronn zéng Faarte maachen. Wa mir awer zum Beispill mussen op Kolmer-Bierg fueren, da maache mir nach dräi, véier Faarten den Dag. Fir d'Clienten bedeit dat méi deier Baupräisser."

Besser Organisatioun vun Deponië géif hëllefen

Wéinst all deene Problemer ginn ëmmer méi Lëtzebuerger Entreprisen hire Buedem iwwert d'Grenz entsuergen, a Frankräich zum Beispill. "Do tippe mir fir 3,50 Euro, also d'Hallschent vum Präis", seet de Gil Enriques. Et géifen och vill auslännesch Entreprisen Buedem op Lëtzebuerg siche kommen.

Op de franséischen Deponien géif et besser fonctionnéieren. De Problem mam naassem Buedem, deen net getippt däerf ginn, géif et a Frankräich praktesch net ginn. De Gil Enriques kritiséiert dofir och d'Bedreiwer vun den Deponien zu Lëtzebuerg.

Si kéinte méi Maschinnen hunn a méi séier fueren. Dat ass eng Saach vun interner Organisatioun vun den Deponien, wou si, menger Meenung no, net an deem richtege Sënn schaffen. Si hu méi wéi genuch Camionen, mä si maachen e bësse sou, wéi si wëllen. Dat kënne si jo och, well et si jo privat Deponien.

Déi véier Buedemdeponien zu Lëtzebuerg gi vun der privater Aktie-Gesellschaft RECYMA bedriwwen, zesumme mat Firmen aus dem Bausecteur. Am Norde bedreift RECYMA déi zwou Deponien eleng. Zu Suessem ass et RECYMA an d'Entreprise Cloos an zu Kolmer-Bierg exploitéiere RECYMA a Bétons Feidt d'Deponie.

D'Aktionnäre vu RECYMA si grouss Bauentreprisë vu Lëtzebuerg, dorënner grouss Entrepreneuren a Firmen, wéi Giorgetti, Feidt, Thiry a Cloos, seet de Pol Faber vum Groupement des Enterpreneurs. Hien ass iwwregens och Administrateur beim Deponiebedreiwer RECYMA.

Keng konkret Reaktioune vun der Politik

D'Regierung huet bis elo nach net ganz konkret op déi vun den Entrepreneuren ugeschwate Penurie vu Buedemdeponië reagéiert. Fir manner Buedem mussen auszekelleren, kéint ee méi an d'Héicht bauen. Dës Piste gëtt och am neien nationalen Offallplang ernimmt.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg géif momentan net zum Sujet Deponië kommunizéieren, seet den Ëmweltministère op Nofro hin. Si wéilt fir d'éischt op eng parlamentaresch Fro vum Max Hahn äntweren.

Den DP-Deputéierte freet ënnert anerem, wou d'Regierung mat hirer Re-Evaluatioun vum Plan directeur sectorial décharges fir Déchets inertes drun ass. D'Re-Evaluatioun ass och Bestanddeel vum Koalitiounsaccord. De Max Hahn wëllt och wëssen, wéi laang nach Plaz op den aktuellen Deponien ass, ier si voll sinn.

Déi lescht Fro huet de Pol Faber zum Deel beäntwert. D'Deponie zu Kolmer-Bierg wier, beim aktuelle Rhythmus, a ronn engem hallwe Joer voll. An dofir soll se vergréissert ginn.

Et wier een am gaange mam Ëmweltministère ze verhandelen, fir eventuell en Iwwerhéije vum aktuelle Site ze kréien, wat mat sech géif bréngen, datt d'Deponie nach méi laang kéint viru fonctionnéieren.

D'Verhandlunge mam Ministère wiere wäit fortgeschratt. Ze kläre wier awer nach den Terrainsbesëtz, wou mat zwee Bauere verhandelt gëtt. Si si Proprietär vun engem Deel vum Terrain vun der Buedemdeponie zu Kolmer-Bierg.