Et missten - genee wéi am Lycée - och am Fondamental Sportsenseignantë ginn, fuerdert de Raymond Conzemius.
"Jo, an déi musse spezifesch ausgebilt sinn. Dat si spezialiséiert Leit, keng Generalisten. Mer mussen do einfach ëmdenken. A wa mer wëllen eng aner Gesellschaft kréien, wou Motorik, Beweegung, Gesondheet eis alleguer wichteg ass - an dat misste mer jo elo definitiv gecheckt hunn -, da musse mer do investéieren. All Kand ass an der Schoul. D'Schoul ass d'Plaz, wou mer all eenzele Bierger vun der Gesellschaft kënnen erreechen."
D'Sportswelt dréit lues
De fréieren Direkter vum Sportlycée schafft zanter November beim COSL a soll a 15 Méint d'Nofolleg vum Heinz Thews als Directeur technique adjoint iwwerhuelen. Datt hie säin neien Job an engem Moment ugefaangen huet, an deem d'Sportswelt wéinst der Corona-Pandemie nëmme ganz lues dréit, empfënnt de Raymond Conzemius net onbedéngt als en Nodeel, mee et wier en "interessanten a gudde Moment", well et wier vill Zäit fir nozedenken an ze entwéckelen.
Duerch déi speziell Corona-Situatioun géif een an Diskussioune kommen, an déi ee soss vläicht net komm wier, well alles am gewinnte Rhythmus weidergelaf wier. "Esou datt ech einfach elo soen: dee Moment ass gutt, dat passt."
Tokyo 2021: COSL ass optimistesch
De Comité Olympique geet dovun aus, datt d'Spiller vun Tokyo den nächste Summer kënne stattfannen. D'Organisatioun vun de Spiller selwer wier manner problematesch wéi déi vun de Competitiounen am Virfeld, bei deenen d'Athlete sech qualifizéieren a virbereede kënnen. "Dat ass, mengen ech, ee groussen Challenge:"
Fir d'Olympesch Spiller am Juli an August kéint een eng Situatioun schafen, wou eppes stattfanne kann, "mee d'Wettkämpf, d'Competitiounen a Qualifikatiounstournoien, dat ass natierlech dat grousst Fragezeichen". Et géif awer och nach vun den Organisateuren zu Tokyo ofhänken, esou de Raymond Conzemius.