Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minett Park: Genee dat richtegt fir Zuch-Enthusiasten

Lëtzebuerg entdecken

Minett Park: Genee dat richtegt fir Zuch-Enthusiasten

Wie sech fir al Zich interesséiert oder bis an eng Minn erafuere wëllt - oder och Béides - fir deen ass de Minett Park am Fond-De-Gras genee dat richtegt. De Pit Walté war fir d'Serie "Lëtzebuerg entdecken" en Nomëtteg dohinner.

auto_stories

3 min

Ee vun den Highlights am Minett Park ass sécher d'Damplokomotiv, den Train 1900 deen tëscht Péiteng an dem Fond-De-Gras hin an hier fiert. Donieft hunn se am Fuerpark och eng al Diesel-Lokomotiv. Alles ass ganz authentesch bliwwen, seet de Raoul Zacharias, deen als Fräiwëllege beim Train 1900 hëlleft.

An der Gare leeft nach alles esou wéi fréier, dat heescht mir hunn och nach en alen Telefon dee funktionéiert. Mir hunn en alt Stellwierk vu Wëlwerwolz, wat nach komplett am Service ass. Wéi mir hei mat den Zich fueren, ass wéi an de 50er Joren.

Haut ginn op der Stréck Persounen hin an hie gefuer, dat ass awer net firwat se gebaut gouf, seet de Frédéric Humbel vum Minett Park. "De Fond-De-Gras wie eng ganz wichteg Plaz gwiescht, op där vill Eisenäerz ofgebaut ginn ass. Et waren 18 bis 20 Galerien hei op der Plaz. Dat huet ugefaangen am leschte Véierelsjoerhonnert a bis an d'Mëtt vun de 60er Joren ass hei Eisenäerz aus dem Bierg geholl ginn. Fir dës Äerz ze evakuéieren, ass eng Eisebunn-Streck tëscht dem Fond-De-Gras a Péiteng gebaut ginn."

Nieft der Stréck sinn awer och nach e puer Gebaier do authentesch. D'Gare, déi och elo nach op ass, wier nach authentesch, verschidde Gebaier wieren awer vum Service Sites et Monuments Nationaux op de Site bruecht ginn. Ee Beispill ass een Deel vun enger Walzstrooss, déi um Belval stoung.

Wann een da mat den historeschen Zich gefuer ass, kann ee sech am Minett Park mat der Minièresbunn op de Wee maachen. Et fiert een dann do duerch de Bierg bis op Lasauvage, do huet een dann e bëssen Zäit fir sech zum Beispill de Musée Eugène Pesch, wou de Fokus op de Mineralie läit, oder d'Salee des Pendues ukucken. Do hunn Aarbechter no hirem Schaffdag, hir Kleeder fir ze dreschnen op gehaangen. Da geet et an de Bierg zeréck an an der Minn gëtt et eng kleng Visitt, seet de Jos Feller, räiwëllege Guide bei der Minièresbunn.

Se kréien eng Visitte vu ronn 25 Minutte wou se d'Ënnerscheeder tëscht de verschidden Äerzer erkläert kréien. Da kréie se nach d'Methode wéi geschafft gouf gewisen. Do weise mer hinnen déi alleréischt Hëllefsmëttel, wéi zum Beispill eng Buermaschinn, déi ouni Stroum funktionéiert, mee mat Muskelkraaft. Dono weise mer dann och déi méi nei Maschinnen, déi mat Loftdrock funktionéieren.

An déi Maschinne kënne relativ haart sinn. Also et kritt en do e relativ gudden Androck, wat fir e Kaméidi do an de Minne war, wann d'Material ofgebaut ginn ass. No der klenger Visitt geet et dann nees eraus mat der Minièresbunn: