Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mindestloun: Steierfräiheet amplaz Hausse

Chamberwahlen 2018

Mindestloun: Steierfräiheet amplaz Hausse

Et wier net wouer, datt déi gréng d'LSAP bei soziale Froen net ënnerstëtzt hätten, sou wéi den LSAP-Fraktiounschef ALex Bodry dat rezent behaapt huet. Am Contraire, bei der Diskussioun an der Steierreform an der Aarmutsgefärdung vun de Monoparentallen, hätten déi gréng drop opmierksam gemaach "a wäre mat Statistike komm", seet de Christian Kmiotek. Fir d'Steierklass 1A ofzeschafen, wéi d'LSAP fuerdert, wier e Schnellschoss, seet de grénge Parteipresident.

auto_stories

1 min

Et misst ee virun allem iwwer d'Kompositioun vum Haushalt nodenken. déi gréng kéinte sech virstellen, datt een op e System géif zeréckgoen, wou och d'Kanner berécksiichtegt géife ginn. "En 2.1., en 2.2., en 1.1., en 1.2. an esou weider. Well et ass jo do, wou de Budget vum Haushalt méi schwiereg zesummen ze féieren ass, wa Kanner do sinn", seet de Christian Kmiotek.

Sozialpolitik a Steierpolitik missten ëmmer selektiv sinn, seet hien. déi gréng fuerdere keng Hausse vum Mindestloun. Dëse soll awer steierfräi ginn. Dës Iddi géif och esou am grénge Wahlprogramm stoen. Et hätt ee probéiert dës Propos am Kader vun der Steierreform ëmzesetzen, d'DP hätt sech awer dogéint gestallt.

Et misst een awer oppassen, seet de Christian Kmiotek, "dat muss een nëmme bei den ënneschten Akommes maachen, well wann een et generell mécht, dann zitt et sech duerch déi ganz Steiertabell an dann nëtzt et deenen, déi et eigentlech net brauchen.

D'Grondsteier soll de Gréngen no esou reforméiert ginn, datt der Notzung vum Buedem Rechnung gedroe gëtt. déi gréng si géint d'Aféierung vun engem Grondakommes a géint eng Deckelung vun de Logements- an Immobiliepräisser.