Chamberwahlen 2018 Mindestloun geet net duer fir würdeg ze liewen

Den aktuelle Mindestloun géif et net erlabe würdeg zu Lëtzebuerg ze liewen, seet den LSAP-Kandidat fir d'Chamberwahlen an aktuellen Aarbechtsminister Nicolas Schmit. D'LSAP wëllt dofir de Mindestloun ëm 100 Euro netto strukturell héijen. D'KPL hirersäits trëtt fir eng Erhéijung vum Mindestloun vun 20 Prozent an, esou den Ali Ruckert. Dat wiere Suen, déi d'Patronen an der Vergaangenheet gespuert hätten.

Mick Entringer / cbi

Nicolas Schmit Ali Ruckert
Den LSAP-Spëtzekandidat am Osten, Nicolas Schmit, an de KPL-Spëtzekandidat am Süden, Ali Ruckert.

Vill Parteien hätten an hirem Wahlprogramm eng regulär Upassung vum Mindestloun stoen. Fir den Nicolas Schmit misst de Mindestloun all zwee Joer strukturell un d'Entwécklung vun de Salairen ugepasst ginn, esou den Nicolas Schmit. Dat géifen dann Enn vum Joer nach zousätzlech 23 Euro ausmaachen.

D'KPL fuerdert hirersäits eng Hausse vum Mindestloun vu ronn 400 Euro. Den Ali Ruckert, President vun der KPL, berifft sech op d'Chambre des salariés, déi en Nohuelbedarf berechent huet aus de leschte Jore vun iwwer 20 Prozent.

Just den Index als Kollektivvertrag

Och wann an der Vergaangenheet scho Léin erhéicht goufen, heescht dat fir den Ali Ruckert net, datt all d'Léin erhéicht gi wieren. Et wieren eng Rei Kollektivverträg ofgeschloss ginn, wou d'Léin erhéicht goufen, "mee d'Halschent vun de Leit huet kee Kollektivvertrag". Déi Leit géifen op den Index waarden, deen awer net dacks géif erfalen. "An en ass eng ganz Rëtsch Kéiere mat der Partei vum Här Schmit manipuléiert ginn." D'Patrone géifen net "um Hongerduch" sinn, seet den Ali Ruckert.

Den Nicolas Schmit ass d'Accord mat der Ausso, datt 50 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg kee Kollektivvertrag hunn, a 50 Prozent hätte een. "An hei musse mir och usetzen. Et ass net acceptabel, datt esou vill Leit eigentlech just als Kollektivvertrag den Index hunn." Dofir géif d'LSAP fir d'Bäibehale vun engem regulären Indexmechanismus antrieden. "Do gëtt et keng Diskussioun". Den Ali Ruckert wëllt doropshi wëssen, wisou den Nicolas Schmit den Index an der Vergaangenheet "ëmmer manipuléiert" hätt. Den Nicolas Schmit äntwert dorop, datt an enger grousser Kris Adaptatioune stattfonnt hätten, dat wier richteg. Et wier een ënner ganz staarkem Drock gewiescht, "och wat den Emploi ubelaangt". Hei hätt ee missten Adaptatioune maachen.

Produktivitéit kënnt net bei de Leit un

Zu Lëtzebuerg hätt et eng Produktivitéitsentwécklung ginn, besonnesch am Handel an an der Industrie. Dës Entwécklung hätt stattfonnt, och wa Vertrieder vun de Patrone géife behaapten, déi wier et net ginn. Dës Erhéijung vun der Produktivitéit wier awer ni bei de Leit ukomm, mee d'Patronen hätte sech dat an déi eegen Täsch gestach, seet den Ali Ruckert.

Den Nicolas Schmit äntwert, datt een d'Produktivitéit misst pro Secteur a pro Entreprise kucken. "Eis Industrie ass extrem produktiv, respektiv de Bankesecteur. Bei klengen a verschiddene Mëttelbetriber ass dat e bësse méi problematesch", seet den LSAP-Politiker. Fir déi kleng a mëttel Betriber net ze vill ze treffen, kéinten d'Mindestléin dowéinst net ze vill klammen, huet de Nicolas Schmit erkläert.

Aarbechtszäit verkierzen

Esouwuel d'KPL wéi d'LSAP fuerderen eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit bei gläichem Loun. D'KPL wëllt op 35 Stonnen erofgoen, d'LSAP just op 38. Fir den Nicolas Schmit ass dat ee Schrëtt an eng Verkierzung. "Déi ass absolut indispensabel." Dat géif awer net heeschen, datt d'Welt bei 38 Stonne géif ophalen, mee dat wier en éischte Schrëtt, "dee ganz schnell kéint geholl ginn", esou den Nicolas Schmit.

Den Ali Ruckert setzt sech fir eng 35-Stonnewoch an an argumentéiert, datt dat eng ganz wichteg Fuerderung wier, déi och vun de Gewerkschafte géif vertruede ginn. Et wier wichteg, datt d'Aarbecht nei verdeelt géif ginn. "Et ginn esou vill Iwwerstonne gemaach am Land, déi och net bezuelt ginn. Do ass et awer wichteg, datt nei Aarbechtsplazen och duerch Aarbechtszäitverkierzung dobäikommen", esou den Ali Ruckert.

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

2018-09-29-Fàf-Weser-Gorza
Chamberwahlen 2018

Leit, déi ee Joer laang net bei den Dokter ginn, sollen een Deel vun hire Cotisatiounen zeréckkréien. Déi Iddi vum Jean Colombera steet net am Wahlprogramm vun de Piraten, confirméiert de Jerry Weyer. D'Tréis Gorza hält "absolut" näischt vun där Iddi, et misst ee weider op Solidaritéit setzen.

Faf-Kartheiser-Gramegna
Chamberwahlen 2018

Investissementer an d'Zukunft vu Lëtzebuerg wieren néideg, seet de Pierre Gramegna (DP). Et wier eng Prioritéit fir d'Staatsschold zeréckzebezuelen, seet de Fernand Kartheiser (ADR).

Pia Oppel Analys
Chamberwahlen 2018

All d'Parteie si géint Aarmut an ze grouss sozial Inegalitéiten. Mee vill Wahlprogrammer evitéiere méi sensibel Aspekter vun dëser Thematik, notamment d'Inegalitéite vum Patrimoine, fënnt d'Pia Oppel.

Laurent Mosar (CSV) a Michel-Erpelding (déi Lénk)
Chamberwahlen 2018

Fir datt Lëtzebuerg europäesch an international kompetitiv bleift, misst d'Betribsbesteierung weider erofgoen, seet de Laurent Mosar. De Michel Erpelding freet sech, wou dann d'Limitten heivunner wieren.

Face-a-Face-Marc-Georgen-a-Jean-Marie-Jacoby
Chamberwahlen 2018

KPL a Piratepartei sinn allebéid fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, d'Pirate schwätze léiwer vun "ticket-los" wéi vu gratis, well de Service net gratis ass, mee vun der Allgemengheet bezuelt gëtt.

Robert Urbé.JPG
Politik a sozial Gerechtegkeet

Eng Mesure wéi d'Chèques services hunn e positiven Impakt op den Aarmutsrisiko. "De Problem gëtt awer net fundamental geännert", seet de Robert Urbé (Caritas).

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen