Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Militärugrëff géint de Regime a Syrien

Donald Trump

Militärugrëff géint de Regime a Syrien

Eng Rakéitenattack vun den USA a Frankräich a vläicht och Groussbritannien, géint de Regime vum syresche President Bashar al-Assad schéngt nëmmen nach eng Saach vun der Zäit. Dës alliéiert Natioune sichen nach ëmmer no konkrete Beweiser fir sécher ze sinn, wie responsabel ass fir déi déidlech Gëftgasattack de Weekend a Syrien. Mee den amerikanesche President Donald Trump schéngt sech senger Saach sécher ze sinn an huet säin nächst Manöver op Twitter annoncéiert.

auto_stories

4 min

Den Donald Trump. Foto: picture alliance / Chris Kleponis/Consolidated/dpa

Den Donald Trump hätt et net kenne méi kloer soen. Op Twitter huet den amerikanesche President Russland direkt adresséiert. D'alliéiert Land vu Syrien soll sech prett maachen, esou den Donald Trump zu senge 50 Millioune Memberen op Twitter, well d'Rakéite kommen.

Et gouf kee geneeën Timing fir esou eng Rakéitenattack Syrien, mee den US-President huet seng Waffe beschriwwen. D'Rakéite si schéin, nei a gescheit, esou den Trump op Twitter. No esou enger klorer, direkter Warnung schéngt et keen Doute méi ze ginn: d'Militärinstallatioune vum Mann, deen den Trump als Déier, dee mat Gas ermort, beschriwwen huet, gi wuel ugegraff. Wéi eng Ziler genee, dat ass och nach net gewosst.

Regime ass gewarnt

Trotzdeem, de Regime vum Bashar al-Assad ass gewarnt. Seng Arméi ka sech virbereeden. Esou vill Detailer a just engem Twitter-Message, dat ass net onbedéngt, wat de Kandidat Donald Trump versprach hat. Ni géif hien e Militär-Manöver annoncéieren, sot hien dacks während der Wahlcampagne.

D'amerikanesch Medien hu sech e Spaass draus gemaach dem Trump seng fréier Verspriechen ze sammelen an zesummenzeschneiden. Den Donald Trump sot zum Beispill selwer, et muss ugegraff ginn, mee esou Ugrëff sollen net annoncéiert ginn.

Net iwwerzeegt

De President ass iwwerzeegt, datt de Regime vum Assad responsabel ass fir déi déidlech Gëftgasattack zu Douma de Weekend. Gëschter huet seng Pressespriecherin, d'Sarah Huckabee Sanders, gesot, datt fir d'USA net nëmme Syrien, mee och Russland responsabel sinn. Esou eng Konklusioun gëtt et am Pentagon nach keng. Dat amerikanescht Militär ass nach net zu 100 Prozent iwwerzeegt. De franséische President Emmanuel Macron ass et och net. Den theoreteschen Alliéierte vum Donald Trump an engem méiglechen Ugrëff vu Frankräich an den USA, a vläicht och Groussbritannien, wëllt méi Beweiser gesinn, datt Damaskus effektiv eng Gëftgasattack gestart huet.

Dem Donald Trump säi Verdeedegungsminister Jim Mattis ass mat där Evaluatioun d'Accord: "Mir kucken eis nach ëmmer un, wat mir fir Beweiser hunn. Mir, an eis Alliéiert, schaffen nach ëmmer drun. Mir si prett dem President militäresch Optiounen ze ginn, wann dat sollt ubruecht sinn."

Deadline ass ofgelaf

Dem US-President säi Befeel un de Pentagon kéint all Moment kommen. Seng eegen Deadline ass schonn ofgelaf.

Well dës war dem Trump seng éischt Reaktioun op d'Gëftgasattack a Syrien. Dat war e Méindeg am Wäissen Haus:

"Mir treffen eng Entscheedung, wat mir solle maachen als Reaktioun op dee schrecklechen Ugrëff bei Damaskus. Et wäert eng Reaktioun ginn, an zwar eng staark. Wéini soen ech net, well ech schwätzen net gär iwwert de geneeën Timing. Mir wäerten den Owend oder kuerz dono eng Entscheedung treffen, an dir wäert et wëssen. Mir kennen esou eng schrecklech Dot, déi mir all gesinn hunn, net geschéie loossen, net an eiser Welt. Besonnesch wa mir an den USA esou vill Muecht hunn, fir esou eppes ze stoppen."

Eng direkt Konfrontratioun

Déi Muecht wäert geschwënn nees der ganzer Welt gewise ginn. No dräi Resolutiounen am UNO-Sécherheetsrot, déi blockéiert goufen, schéngt d'Diplomatie kaum nach eng Chance ze hunn. D'Wierder vum amerikaneschen Ambassadeur, der Nikki Haley, waren do zimlech kloer:

"D'Leit zu Douma an de Rescht vun der Welt wollt eng Reaktioun gesinn an dësem Rot. Mee ee Land huet sech an de Wee gestallt. D'Geschicht wäert sech dorun erënneren. D'Geschicht wäert weisen, datt Russland léiwer e Monster wollt beschützen, wei d'Liewe vum syresche Vollek."

D'Regierung vum Donald Trump schéngt also eng weider militäresch Konfrontatioun ze sichen. An d'Wäisst Haus konnt gëschter net ausschléissen, datt et kéint zu enger direkter Konfrontatioun tëscht den USA a Russland kommen.

Éischt Rakéiten dëse Weekend

U sech hat den Trump lescht Woch nach gesot, hie wéilt, datt all amerikanesch Truppen aus Syrien auszéien. Et sinn der op d'mannst 2.000 den Ament am Land.

Dëse Weekend kéinten éischt Rakéiten op Militärziler a Syrien geschoss ginn. Een amerikanescht Krichsschëff ass am Mëttelmier a steet prett. Den Donald Trump bleift zu Washington fir seng Entscheedung ze treffen an de Suivi ze maachen, wann et dann effektiv sollt zu deem erwaarte Militarugrëff kommen. De fréiere Plang fir a Süd-Amerika ze reese gouf annuléiert.