Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Miersch: Neie Quartier gëtt ëm ee Meter gehuewen

Héichwaasser-Schutz

Miersch: Neie Quartier gëtt ëm ee Meter gehuewen

Déi grouss Iwwerschwemmunge vum Summer 2021 hunn an de betraffene Gemengen net just vill Schued verursaacht. Si hunn och derzou geféiert, datt verschidde Gemengen hir Bautereglementer upasse fir Haiser, Gebaier an Infrastrukture besser géint Héichwaasser ze schützen. Ee Beispill ass d'Gemeng Miersch. Do gëtt um fréiere Site vum Agrozenter e ganz neie Quartier gebaut mat iwwer 1.000 Wunnengen. Eng 2.000 Leit sollen an Zukunft do wunnen.

auto_stories

4 min

Zu Miersch gëtt um fréiere Site vum Agrozenter e ganz neie Quartier gebaut mat iwwer 1.000 Wunnengen.(Foto: Pierre Reyland)

Den André Kaluza, Chef vum Service Technique vun der Mierscher Gemeng, féiert eis iwwer de Chantier vum neie Mierscher Quartier, dee nieft der Uelzecht entseet. Hie weess nach ganz genau wéi héich d'Waasser deemools stoung

"Do ass d'Eisebunnsbréck. Do ware mir just, just ënnen drënner bliwwen. An op der anerer Säit ass nach eng Foussgängerbréck. Déi war iwwerschwemmt."

De Sitte selwer, wou dee neie Quartier gebaut gëtt, stoung deemools zwar nach net ënner Waasser. Mee wéinst dem Klimawandel riskéieren och zu Lëtzebuerg extremen Iwwerschwemmunge méi heefeg ze ginn. An dofir gi bei dësem neie Projet zu Miersch deementspriechend Mesure geholl. Dee ganze Site gëtt ëm 1 Meter gehuewen. Ee ganzt Areal vun ongeféier 20 Hektar.

Déi al Siloen als Fëllmaterial

D'Material, fir de Site opzefëllen, ass zum Deel schonn do. Op der Plaz leie riseg Kéip vu fein zerklengertem Bëton. Déi fréier Gebaier vum Agrozenter, dorënner d'Kären-Siloen, goufen ofgerappt a ginn elo als Fëllmaterial recycléiert.

Dee ganze Site ass an e puer PAP'en opgedeelt. Do wou de Staat Proprietär ass - 20 Prozent vum Terrain - entstinn ënner anerem administrativ Gebaier, eng Schoul, Crèchen an e grousst Parkhaus. Den André Kaluza erkläert déi extra Héichwaasser-Mesuren, déi an deem PAP festgehale goufen.

"Doduerch baue mir dann d'Gebaier soit-disant op Stelzen. Dat heescht, mir gi méi an d'Héicht bauen. D'Waasser kann do era kommen um Niveau vum Parking. An all déi aner Unitéiten, Commercen a Wunnen, ass driwwer."

Ronn dräi Véierel vum Terrain, wou dee neie Quartier entsteet, gehéiert der Gesellschaft "Rives de l'Alzette". Eng Joint Venture tëscht der Bauerenzentral Cepal an der Bau-Firma Giorgetti. D'Konventioun tëscht der Firma an der Gemeng fir d'Exekutioun vum PAP muss nach finaliséiert ginn. Alles wat an der Delimitatioun vun deem PAP ass, ass en Charge vum Promoteur, esou den André Kaluza.

Dorënner d'Realisatioun, ënner Gemengen-Opsiicht, vun der Buedem-Niveau-Erhéijung. Den Iwwerschwemmungs-Risiko géif doduerch staark reduzéiert ginn, seet den André Kaluza.

"Wa mir elo de Buedem nach emol ëm ee Meter hiewen, dann ass de Risk quasi Null."

Weider Héichwaasser-Schutz-Reegelen

Mee Null-Risiko gëtt et net. Dofir muss de Promoteur och aner speziell Héichwaasser-Schutz-Reegelen anhalen. Zum Beispill musse wichteg technesch Installatiounen, wéi elektresch Tableauen an Heizung, extra geschützt ginn, an däerfen net méi a Kelleren installéiert ginn.

"Beim leschten Héichwaasser hate mir den Avantage, datt et am Summer war. Dat heescht, et war waarm. Et ware vill Heizungen ausgefall, d'Mauere ware naass. Am Summer ass et awer nach gedréchent. D'Leit hu sech net an de Gebaier direkt erkaalt."

Wann dat awer am Wanter géif geschéien, wann esou massiv Heizungen ausfalen, a Fiichtegkeet an de Gebaier ass, da kréich ee vläicht ganz aner Situatiounen, mengt den André Kaluza. Fir dat ze verhënnere ginn eng Partie nei Reegelen zu Miersch elo an d'Bauten-Reglement integréiert.

"Mir hunn all de Promoteuren et scho mat op de Wee ginn, an am PAP selwer, do hate mir et och schonn zum Deel dra stoen. Dat gëtt alles an d'Reglement integréiert."

D'Aarbechte fir de neie "Quartier de l'Alzette" zu Miersch gi gutt virun. Dat neit Park-Haus ass fäerdeg a soll Enn Mee opgoen. An déi nei Strooss, fir op de Site, gëtt scho goudronéiert. Och d'Strooss läit ee Meter méi héich.

Fir de Fall wou d'Waasser awer bis dohinner kënnt.