Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mëttelstandsminister: Nei Hëllefe vun nächster Woch un

Wirtschaft

Mëttelstandsminister: Nei Hëllefe vun nächster Woch un

Am Laf vun der nächster Woch wäert een um Internetsite Guichet.lu déi elektronesch Formulairë kënne fanne fir nei Aiden unzefroen, déi de Regierungsrot de Mëttwoch fir kleng Entreprisen decidéiert huet. Dorënner déi eemoleg Indemnitéit vun 12.500 Euro fir Betriber, déi tëscht zéng an 20 Mataarbechter beschäftegen, an deenen hiren Ëmsaz an der Kris elo ëm méi wéi 50 Prozent zréckgaangen ass.

auto_stories

2 min

Da ginn awer och nees eemol 5.000 Euro, déi net remboursabel sinn, u Betriber mat manner wéi zéng Salariéen ausbezuelt. An dofir kommen der méi a Fro wéi bis elo. Et ginn dräi Cas de figures, wéi de Mëttelstandsminister Lex Delles erkläert.

  • Deen éischte Cas de figure sinn Entreprisen, déi hu missen zoumaachen, an déi weider mussen zoubleiwen. Si krute schonn emol 5.000 Euro, an hu Recht op weider 5.000 Euro.
  • Den zweete Cas de figure betrëfft Entreprisen, déi hu missen zoumaachen, déi elo rëm kënne schaffen, awer eng Baisse vum Chiffe d'affaire vu 50 Prozent oder méi hunn.
  • An da gëtt et en drëtte Cas de Figure vun deenen Entreprisen, déi am Fong riicht duerch konnte schaffen, déi net hu missen zoumaachen, mee déi de facto net méi kënne funktionéieren, zum Beispill Zouliwwerer, z.B. am Hotelsberäich, déi hunn dann och d'Méiglechkeet déi Aiden hei ze kréien.

De Lex Delles weist d'Kritik vum UEL-President zeréck

"Et ass ni engem Minister säi Rôle engem anere Minister ëffentlech an de Réck ze falen." Esou reagéiert de Mëttelstandsminister Lex Delles op eng Ausso vum President vun der UEL. Den Nicolas Buck hat e Méindeg am 100,7-Interview gesot, de Lex Delles hätt sech misse vum Dan Kersch sengen ëmstriddenen Aussoen iwwer d'Independanten distanzéieren. De Mëttelstandsminister wiert sech och géint de Reproche, d'Regierung hätt d'Situatioun vun den Independanten net um Radar gehat. Hie gëtt awer zou, datt e vläicht ënnerschat hat, wéi fragil eenzel kleng Betriber wieren.

Lëtzebuerg misst op seng individuell Situatioun reagéieren

Bei hir ablécklech finanziell Schwieregkeete kënnt bei eenzele klenge Betriber am Commerce oder an der Restauratioun am Moment nach eng aner Suerg dobäi. Déi virun enger Ongerechtegkeet. Wann d'Coiffeuren zu Tréier nees däerfen opmaachen, an hei nach net, oder och d'Caféen an d'Restauranten, da kéint dat eng Rei Cliente vu Lëtzebuerg derzou verleeden iwwer d'Grenz ze fueren. Mëttelstands-Minister Lex Delles versteet déi Ängschten, gëtt awer ze bedenken, datt een an enger sanitärer Kris wier an datt zu Lëtzebuerg momentan nach ëmmer d'Consigne vum "Bleif doheem" géif gëllen. "Dat heescht net: setz dech an den Auto a fuer op Tréier der d'Hoer schneiden an duerch iergend eng Grande surface do spadséieren", seet de Lex Delles. Lëtzebuerg wier an enger individueller Situatioun a géif dofir beim Deconfinement anescht funktionéieren