Wéi eng Léieren ginn am Europaparlament aus deem grousse Korruptiounsskandal gezunn? Déi Fro beschäftegt d'Europadeputéiert zanter dem Dezember zejoert, nodeems erauskomm war, datt suewuel Deputéiert ewéi och parlamentaresch Assistenten am Verdacht stinn Suen kasséiert, fir am Géigenzuch verschiddene Länner Servicer offréiert ze hunn.
D'Parlament wäert séier dorop reagéieren, fir d'Vertraue vun de Leit nees ze gewann, hat d'Presidentin Roberta Metsola versprach. Si huet elo ee Pak vu Mesuren proposéiert, deen déi lescht Woch vun de Fraktiounscheffen adoptéiert gouf. Ee geet villen net wäit genuch.
Deen éischten Äifer schéngt gebremst
"Fir d'éischt huet et geheescht, mir mussen eis verbesseren, mir musse nach méi transparent ginn. Elo huet een d'Gefill, wéi wann déi Begeeschterung offlaut", seet d'Europadeputéiert vun deene Gréngen, d'Tilly Metz.
De Reformproposen no muss zum Beispill an Zukunft all Optrëtt vun engem Lobbyist am Parlament am Transparenzregester erfaasst ginn. Dat nämmlecht gëllt fir Reuniounen mat Vertrieder aus Drëttlänner, wat bis elo net de Fall war. Da sollen Ex-Deputéiert net méi automatesch een Zougank zum Parlament kréien, ma deen all Kéiers mussen ufroen.
Tilly Metz: Sechs Méint "Cooling off" geet net duer
Deen elo proposéierte ass allefalls een 1. Schrëtt, seet d'Tilly Metz. Dat betrëfft zum Beispill déi sougenannte Cooling off Period, déi op bemol just sechs Méint soll daueren
"Initialement war vu 24 Méint geschwat ginn, ier een kann als Lobbyist dierf bei enger Firma oder anzwousch anescht schaffen. Sechs Méint fannen ech perséinlech a mir Greng einfach ze kuerz."
Dat gesinn och aner Fraktiounen wéi d'Sozialisten esou. Wéi déi Gréng an déi Lénk kritiséiere si, datt d'Aféieren vun enger onofhängegen Ethik-Kommissioun net zeréckbehale gouf.
Fir d'Manon Aubry vun der Gauche gëtt mat de Proposen vun der Presidentin just Aktivismus virgetäuscht.
"Penser qu'on aura réglé la question et le plus gros scandale dans l'histoire du Parlement Européen avec simplement le plan d'action de Roberta Metsola, c'est un coup d'épé dans l'eau. C'est donner l'illusion qu'on a agit pour mieux protéger les pratiques habituelles au Parlement Européen qui visent a tout faire dans la plus grande opacité."
Marc Angel: Resolutioun muss ëmgesat ginn
D'Parlament hätt am Dezember mat grousser Majoritéit eng Resolutioun gestëmmt, déi vill méi wäit goung, seet de Marc Angel, zanter kuerzem ee vun de 14 Vizepresidente vum Parlament.
"Dat war matzen am Skandal - du war bemol all Mënsch iwwerzeegt, et muss een eppes maachen, an elo no zwee Méint huet een d'Gefill, datt déi eng oder aner wëllen ee Schrëtt zeréck goen a soen mir sinn ze wait gaangen."
Et misst een un de Punkte festhalen, déi an der Resolutioun opgezielt ginn, fuerdert de Marc Angel. Ma, wie genee bremst dann do?
"D'Decisioun iwwert déi nei Mesurë gouf an der Conférence des présidents, vun allen Fraktiounscheffen zesummen geholl", seet de Christophe Hansen, CSV-Europadeputéiert. Et wieren elo fir d'alleréischt Mesuren festgehale ginn, déi och kuerzfristeg kënnen ëmgesat ginn.
Christophe Hansen: D'Fro ass, ob déi Mesuren eppes bréngen
Kloer ass, datt seng Fraktioun bei verschiddene Mesuren kritesch war. Zum Beispill bei der Ethikkommissioun.
"Déi ass gut gemengt, ob se an der Praxis eppes bréngt weess ech net", sou de Christophe Hansen. Fir hien ass an dësem Skandal virun allem d'Justiz gefrot, hien ass net iwwerzeegt dovun, datt all déi Mesuren, déi elo an der Diskussioun sinn, eppes geännert hätten.
"Déi Wonn déi eis duerch dee Skandal zougefügt goufen duerch kriminell Aktivitéiten kréie mer doduerch net geléist. Well dat dote sinn alles Saachen déi an ausserparlamentareschen Aktivitéite geschitt sinn."
D'Enqueteure schéissen allerdéngs net aus, datt déi parlamentaresch Aarbecht direkt vun de Suen, déi gefloss sinn, influencéiert gouf.
Well bis elo just seng Fraktioun vum Skandal betraff ass, geséiche sech D'Sozialiste besonnesch an der Flicht, sou de Marc Angel. Hien wëll zesummen mat de véier aneren Vizepresidenten aus senger Fraktioun net labber loossen
"Mir hu gefuerdert, datt mer an all Sitzung deen dote Punkt um Ordre du jour hunn, well mir musse virukommen, mir musse virum Summer konkret Ännerungen hunn."
Eng Spezial-Kommissioun vum Parlament iwwert d'Ingérence krut dës Woch den Optrag, ee Rapport iwwert Lücken am Regelwierk vum Parlament ze maachen.