Mat 16 Fraschtdeeg goufen et der och fënnef an en hallwe méi, wéi wärend der laangjäreger Moyenne. De Luca Mathias vu Meteolux relativiséiert déi Donnéeën allerdéngs.
"Wann ee lo awer sech déi al Referenzperiod vun 61 bis 90 ukuckt, déi nach net sou staark vum Klimawandel affektéiert war, do leie mir awer elo mat der Moyenne vum Fréijoer gutt ee bis zwee Grad driwwer. D.h. et muss een ëmmer nuancéiere wann ee seet, et ass ze kill oder ze waarm zu enger Referenzmoyenne."
Beim Nidderschlag starte mir mat engem liichten Iwwerschoss an de Summer. Besonnesch am Mäerz hat et vill gereent. De laangjärege Mëttelwäert vun 1991 bis 2020 gouf ëm 91 Prozent iwwerschratt. Och den Abrëll war nach relativ naass. De Mee war dogéint schonn erëm ze dréchen. Och elo huet et iwwer eng Woch net méi gereent, et wier dofir den Ament ganz schwéier virauszesoen, op den aktuellen Iwwerschoss duergeet, fir d'Summerméint ze iwwerbrécken, sou nach de Luca Mathias.