Begrëffer wéi "ze naass" an "ze kal", sollt een awer net onbedéngt negativ bewerten an och ëmmer relativéieren erkläert de Lucas Mathias vu Meteolux. Dat wier dee Moment just a Bezuch zu den Duerchschnëtter aus de leschten 30 Joer, esou de Meteorolog.
"Wa mir eise Bilan publizéieren dann ass dat ëmmer par rapport zu eiser 30 järeger klimatologesche Referenzperiod an et ass déi momentan vu 1991 bis 2020 ."
Dat selwecht gëllt och fir Temperaturen. An de leschte fënnef Joer louchen d'Duerchschnëttstemperaturen am Abrëll tëschent 15 an 20 Grad. Dat géif och mam Klimawandel zesummen hänken erkläert de Meteorolog.
"Normal" Temperature fir den Abrëll
An dem Kontext ass den Abrëll dëst Joer méi kal ausgefall, ma eigentlech wieren dat fir dee Mount "normal" Temperaturen. De Lucas Mathias erkläert, firwat ee Mount trotz Klimawandel och mol méi kal kann ausfalen.
"Datt mir ee bësse méi normalen Abrëll hate läit eben och dorunner, datt mir trotz Klimawandel natierlech ëmmer nach déi natierleche Variabilitéit an eiser Atmosphär hunn, dat heescht e esou Méint wéi mir lo den Abrëll haten, kënnen awer duerchaus nach ëmmer virkommen."
Fir d'Natur an d'Waasserreserve wier et jiddefalls gutt gewiescht, datt den Abrëll méi kal a méi naass ausgefall ass, esou nach de Lucas Mathias vu Meteolux.