Radioen

On air

Resonanzen  |  Niccolo Paganini - 'Cantabile e Valzer' Mi Majeur fir Gei a Piano - Natasha Korsakova (Gei), Ira Maria Witoschynskyj (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schäfferot zu Käl-Téiteng huet Mësstrauensvott verluer

Gemengepolitik

Schäfferot zu Käl-Téiteng huet Mësstrauensvott verluer

D'Gemeng Käl-Téiteng huet kee Schäfferot méi: gëschter Owend gouf d'Motion de censure mat de Stëmme vun den Oppositiounsparteien CSV an DP an dem Marcel Humbert, fréieren LSAP-Conseiller, ugeholl.

auto_stories

2 min

D'Gemengenhaus zu Käl. Foto: kayl.lu / Marc Lazzarini

Lauschteren <i class="icon-tumblr></i>play_arrow


D'Motioun war agereecht ginn, nodeems de Marcel Humbert am Dezember de Budget vun der rout grénger Majoritéit net gestëmmt hat. De Marcel Humbert war gëschter selwer net am Gemengerot - hien hätt e positive Schnelltest gemaach, gouf vun Oppositiounssäit erkläert, de Marcel Humbert géif op e PCR-Test waarden - dohier gouf fir hie par procuration ofgestëmmt.

Ier et awer zu dem Vott koum, gouf annerhallef Stonn mat vill Emotiounen am Gemengerot diskutéiert - et gouf knaschteg Wäsch gewäsch - de Marcel Humbert gouf schaarf vun LSAP an déi Gréng ugegraff: him gouf Verrot virgeheit.

Sauer opgestouss ass virun allem och, datt de Concernéierte selwer net present war: "Et ass e staarkt Stéck elo keng Verantwortung wëllen ze iwwerhuelen", sot den LSAP-Buergermeeschter John Lorent.

Déi al Majoritéit, dorënner d'Lokalsektioun vun déi gréng, huet Neiwale gefuerdert, iwwerdeems d'CSV an d'DP kloer gemaach hunn, datt si eng Majoritéit mam Marcel Humber wéilten zustane kréien: si wieren a Gespréicher. "Ech wënschen Iech ausdrécklech, datt Äre Plang net opgeet", sot de Buergermeeschter John Lorent, et soll zum Rohrkrepierer ginn, esou säi Wonsch.