Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Merkel-Macron-Plang: Zéien déi aner mat?

EU-Mesurë geint Coronakris

Merkel-Macron-Plang: Zéien déi aner mat?

Fir déi ekonomesch Kris opzefänke sollen elo op europäeschem Niveau Honnerte vu Milliarden Euro fléissen. Déi däitsch-franséisch Propos fir een Hëllefsplang gesäit Subside fir. Dogéint gëtt et elo schonn Oppositioun. Wat genee stécht hanner där Iddi a wéi eng Chancen huet se, vun deenen aneren Memberlänner ugeholl ze ginn? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

1 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Elke Weber (Archiv)

Wéinst der Corona-Kris blitt der europäescher Ekonomie déi gréisste Rezessioun zanter dem zweete Weltkrich. Dat huet d'EU-Kommissioun virun zwou Woche virausgesot. Fir d'Kris opzefänken, sollen elo op europäeschem Niveau Milliarden Euro fléissen. Wie ka vun deene Fongen profitéieren, a virun allem ënner wéi enge Konditiounen? Doriwwer gëtt zanter Wochen gestridden.

E Mëttwoch soll d'Kommissioun eng Propose fir ee Fonds de relance maachen. Dës Woch sinn Däitschland a Frankräich zesumme no vir geprescht, an hunn hire Plang vun engem 500 Milliarden-Euro Hëllefspak op den Dësch geluecht. Geet dat duer, fir d'EU aus der Kris ze bréngen? Wie kéint ënner wéi enge Konditiounen dovu profitéieren?


Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.