Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mënschewürd ass onantastbar"

#RiichtEraus

"Mënschewürd ass onantastbar"

Um Ufank vun der Corona-Pandemie ass den eetheschen a soziale Volet an den Alters- a Fleegeheemer vernoléissegt ginn. Dat war eng vun de Conclusiounen an der Emissioun Riicht eraus, an där den Impakt vun der Corona-Pandemie op al Leit de Sujet war. Déi gréissten Erausfuerderung wier et den Equiliber tëschent dem néidege Schutz an der néideger Fräiheet vun ale Leit ze fannen, esou déi véier Invitéen. An doriwwer misst elo diskutéiert ginn.

auto_stories

5 min

Der Monique del Marco hir Mamm huet 90 Joer, ass dement. Si lieft am Cipa zu Bieles. Wéi si den 13. Mäerz héieren huet, datt si net méi kéint bei hir Mamm goen, wier dat e Schock gewiescht. Hie wiere vill Froen an Onsécherheeten duerch de Kapp gaangen, sot si an der Emissioun Riicht eraus: Gesinn ech meng Mamm iwwerhaapt jee erëm? Wéi geet et hir? Wat geschitt mat hir?

Der Anja Leist, Geronto-Psychologin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg no, géifen déi Leit déi am meeschte Schutz brauchen och am meeschten ënner de Corona-Mesurë leiden. De soziale Kontakt wier ee Grondbedierfnes. Wann esou Interaktioune wéi zum Beispill de Kontakt an d'Upaken ewech fält, da wier dat dat selwecht Gefill, wéi wann een ëmmer hongreg wier, esou d'Psychologin. De Risiko fir Depressiounen an Ängschte bei kranken ale Leit géif doduerch zouhuelen. D'Anja Leist hätt gesinn, datt déi Leit dann och staark geeschtlech géifen ofhuelen.

E Gefill, wéi wann ee permanent Honger hätt

Leit iwwer 60 Joer, déi nach gesondheetlech fit sinn, waren enger rezenter Etüd vun der Uni Lëtzebuerg no an der éischter Well zefridde mat hirem Liewe wärend der Pandemie a mat den néidege Schutzmesuren. Bei deene Leit hätt een d'Resilienz vläicht ënnerschat, esou d'Anja Leist. Allerdéngs wéisst een net, wéi et deene Leit elo, no der zweeter Well nach geet.

Egal wéi wiere Mesuren, wéi zum Beispill eng Isolatioun am Zëmmer vun engem rechtleche Point de Vue hier problematesch. Do ass de Gilbert Pregno, President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun iwwerzeegt. D'Mënschewürd wier unantastbar. Dem Gilbert Pregno no bräichten déi al Leit an de Strukturen deemno Garantien, wa si agespaart ginn, soss géif ee sech an engem rechtsfräie Raum beweegen. Eis Gesellschaft misst elo iwwer den Impakt vun esou Mesuren nodenken, well de Coronavirus wier sécherlech net déi lescht Pandemie. An och elo wieren nees Leit agespaart.

Déi gréissten Erausfuerderung fir d'Alters- a Fleegeheemer wier et den néidegen Equiliber tëschent Schutz a Fräiheet ze fannen, seet de Ben Wahl, Direkter vun de Soinen am CIPA Bieles. Allerdéngs wier dat an esou Strukturen net ëmmer einfach, well en Haus wier eng Communautéit mat enger Responsabilitéit an do misst souwuel d'Personal wéi och d'Bewunner geschützt ginn.

Eng Méiglechkeet fir d'Bewunner manner laang ze isoléiere wieren dem Ben Wahl no zum Beispill d'Corona-Schnelltester. Si kéinten dofir suergen, datt nees méi Leit méi séier an d'Strukturen eragelooss ginn. Den Direkter vun de Soinen am Cipa Bieles géif scho laang op d'Schnelltester waarden. Mee bis haut hätt hien nach keng Informatioun vum Gesondheetsministère kritt, wéini d'Schnelltester geliwwert a kënnen agesat ginn.

Éierevollt Stierwen

Der Monique del Marco hir gréissten Angscht an der dëser Pandemie ass allerdéngs net d'Isolatioun, mee datt si hir Mamm net ka beim Stierwe begleeden. Et kéint immens traumatiséierend sinn, wann eng Persoun eleng misst stierwen, seet och d'Anja Leist. Dat selwecht géif fir d'Familljemembere gëllen. Mee net all Haus kann ee wierdegt Stierwe garantéieren, seet de Ben Wahl. Verschidden Haiser hätten net déi néideg Moyenen, respektiv Infrastrukture fir d'Familljememberen an dësem Fall bei déi Stierwend ze loossen. D'Begleedung vun enger Persoun, déi um Stierwe läit, misst awer och wärend enger Pandemie garantéiert bleiwen, seet de Gilbert Pregno.

Ee weidere Problem wier, datt eis Gesellschaft den Doud vun ale Leit géif banaliséiert, kritiséiert de Gilbert Pregno. D'Liewe wier senger Meenung no ëmmer liewenswäert, ob gesond oder krank. Et kéint net sinn, datt eis Gesellschaft seet: "Mir gewannen de Kampf géint de Virus, well et sinn nëmmen al Leit déi dru stierwen". D'Anja Leist erkläert, datt enger däitscher Studie no d'Leit déi u Covid-19 stierwen an der Moyenne zéng Liewensjoer verléiere géifen. Jiddweree géif wëssen, wéi wichteg al Leit fir d'Famill wieren. Et dierft een net just de chronologeschen Alter bei den ale Leit consideréieren, esou d'Anja Leist, och wat d'Behandlungen ugeet. De Ben Wahl hätt selwer scho matkritt, datt e Spidol eng al Persoun refuséiert hätt, obwuel si nach am Kapp ganz fit gewiescht wier.

De Coronavirus wier ze komplex, fir datt déi eenzel Strukturen d'Situatioun eleng kéinte geréieren an hinnen d'Responsabilitéit eleng iwwerlooss gëtt, mengt d'Anja Leist. Si wënscht sech méi kloer Leitlinne vun Experten an och aus auslännesche Studien. D'Fleegeheemer wieren iwwerfuerdert mat der Situatioun an hätten och net déi néideg Moyene fir domadder eens ze ginn, soen och de Gilbert Pregno an de Ben Wahl.

Wiem seng Responsabilitéit?

De Ben Wahl hätt sech gewënscht, datt iwwer de Summer zesumme mat den Experten a Ministèrë Konzepter ausgeschafft gi wieren, fir d'Haiser op eng zweet Well ze preparéieren. D'Recommandatiounen, déi d'Haiser bis ewell kritt hätten, géifen zur Konfusioun bäidroen. Vum Familljeministère hätt ee laang op Informatiounen a Recommandatioune gewaart, bedauert de Responsabele fir d'Soinen am Cipa Bieles. De Ben Wahl begréisst awer, datt d'Strukture konnten op eng Reserve Sanitaire zeréckgräife fir Personal ze ersetzen.

Dem Gilbert Pregno no wier eng Iddi, datt all Struktur eng individuell Ethikkommissioun kréich an där zesumme mat externen Acteuren iwwer d'Mënscherechter an d'Mënschewürd kéint diskutéiert ginn. Eng aner Iddi wier, datt den Ombudsmann och a privat Ariichtunge kéint goe fir en Encadrement an eng Sécherheet ze schafen. Den Ament wier et onkloer, wie sech iwwerhaapt drëms këmmert, datt d'Mënscherechter an de Strukturen agehale ginn.

Déi consultative Mënscherechtskommissioun hätt Enn Juli schonn als Optrag kritt eng Bestandsopnam vun de Corona-Mesuren an de Strukturen ze maachen. Den Ament géif een op déi néideg Moyene waarde fir dat ze maachen. Ouni Ënnerstëtzung wier dat net méiglech, seet de Gilbert Pregno. D'Monique del Marco hofft, datt si hir Mamm net méi muss eleng loossen.