Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CCDH: Net de richtegen Zäitpunkt fir Impfflicht anzeféieren

Gesellschaft

CCDH: Net de richtegen Zäitpunkt fir Impfflicht anzeféieren

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fënnt et wier am Moment net dee richtegen Zäitpunkt fir eng Impfflicht anzeféieren. Seng Kommissioun wier zwar net grondsätzlech géint eng Impfflicht, esou den CCDH-President Gilbert Pregno am 100,7-Interview. Am Moment wier awer kee gudden Zäitpunkt fir sech an der Fro festzeleeën.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview mam Gilbert Pregno

Lauschterenplay_arrow


"Engersäits fanne mer, datt et ze spéit ass fir se ze maachen. Dat wär scho viru Méint berechtegt gewiescht. A vläicht ass et awer och ze fréi, well een net genau weess, wéi dat elo alles weider geet."

D'CCDH huet der Regierung des Positioun den Dënschdeg Owend an engem Schreiwes matgedeelt. D'Justizministesch Sam Tanson hat verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft gebieden sech zur Fro vun der Impfflicht ze positionéieren. De Mëtteg wäerten dann och d'Parteien an der Chamber sech an engem Debat dozou positionéieren.

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fënnt et wier am Moment net dee richtegen Zäitpunkt fir eng Impfflicht anzeféieren. Seng Kommissioun wier zwar net grondsätzlech géint eng Impfflicht, esou den CCDH-President Gilbert Pregno am 100,7-Interview. Am Moment wär awer kee gudden Zäitpunkt fir sech an der Fro festzeleeën. Engersäits, well et nach ze vill oppe Froen ronderëm d'Auswierkunge vun der Omikron-Variant gëtt. An awer och well d'Rou am Debat feelt.

"Ech hunn elo een Avis gelies - den huet dann 20 Säiten. Ech ka mer elo net virstellen, datt et méiglech ass fir all déi vill Avisen, déi jo elo vu riets a lenks kommen, fir déi elo op de Leescht ze huelen a fir doraus Conclusiounen ze zéien. Ech weess net, wéi een dat kéint hikréien. Déi Rou an déi Sérénitéit, déi ee brauch fir dat do ze analyséieren, déi ass am Moment net ginn."

D'CCDH huet der Regierung hir offiziell Positioun gëschter Owend an engem Schreiwes matgedeelt. D'Justizministesch Sam Tanson hat verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft gebieden sech zur Fro vun der Impfflicht ze positionéieren. De Mëtteg wäerten dann och d'Parteien an der Chamber sech an engem Debat dozou positionéieren.