Radioen

On air

De Moien  |  EU-Naturschutz-Gesetz nach ëmmer net sprochräif

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënscherechter: "Et ass nach vill ze maachen"

Amnesty International Lëtzebuerg

Mënscherechter: "Et ass nach vill ze maachen"

Dëst Joer feiert déi universell Deklaratioun vun de Mënscherechter hire 70. Anniversaire. Grond genuch fir haut - um internationalen Dag vum Mënscherecht - de Bléck op d'Aarbecht vun enger Mënscherechtsorganisatioun ze riichten. De Maurice Antony huet mam Stan Brabant, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg, iwwer d'Aarbecht an den Impakt vun der Organisatioun am Grand-Duché an doriwwer eraus geschwat.

auto_stories

3 min

Maurice Antony: Här Brabant, Dir sidd zanter 2012 Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg. Dëst Joer feiere mir de 70. Gebuertsdag vun der Mënscherechtsdeklaratioun. Amnesty Lëtzebuerg besteet zanter 1970. Kënnt Dir eis Amnesty Lëtzebuerg kuerz virstellen an erklären, wat d'Aktiounsfelder vun der Organisatioun sinn?

Stan Brabant: Amnesty ass eng Organisatioun fir Leit, wéi Dir an ech. Zanter der Grënnung huet sech eis Sektioun entwéckelt, mat aktuell 1.000 Memberen. Donieft ënnerstëtzen eis och Leit mat Donen oder Aktiounen. Mir hunn och 1.000 Aktivisten, déi eis bei Demonstratiounen, Petitiounen oder och bei der Organisatioun vun Evenementer hëllefen.

Wéini gitt Dir aktiv, wann Dir vu Mënscherechtsverletzungen héiert? Gitt Dir selwer aktiv oder gitt Dir éischter vun de Leit drop opmierksam gemaach?

Ee fundamentale Prinzip vun Amnesty International ass déi eegestänneg Recherche. Mir hunn ongeféier 200 Persounen op der Welt, déi Investigatiounen an deene Länner maachen, wou Mënscherechtsverletzunge bestinn a schlëmm sinn. Si sammelen Informatiounen an treffe sech mat de politesche Responsabelen. Mee virun allem schwätze si mat Affer. Et ass also am Kader vun dëser Recherche, datt mir eis Hëllefe koordinéieren a wou mir dann och decidéieren, op mir aktiv ginn an eng Persoun ënnerstëtzen, déi Affer vun enger Mënscherechtsverletzung gouf.

Ginn et och konkret Fäll zu Lëtzebuerg, déi Dir och zitéiere kënnt?

Mir hunn zu Lëtzebuerg leider e Schwaachpunkt, deen ass, datt mir keng Recherche maachen. Mir hunn zwar déi lescht Jore probéiert, eng Unitéit op d'Been ze stellen, déi hir Recherche no der Amnesty-Method konzipéiert, mee d'Situatioun zu Lëtzebuerg a Punkto Mënscherechter ass net vergläichbar mat Länner wéi Syrien, dem Jemen, Myanmar oder aneren. D'Organisatioun huet also decidéiert, datt et net néideg ass, ënner den aktuelle Konditiounen esou eng Recherche-Unitéit op d'Been ze stellen.

D'Konflikter an déi humanitär Kris baséieren op oder implizéiere Mënscherechtsverletzungen. Wat kann de Grand-Duché maachen, fir deem entgéint ze wierken an d'Mënscherechter ze stäerken?

Mir hunn et virun e puer Méint bei der Liberatioun vun eise Mataarbechter an der Tierkei gesinn. Do war Lëtzebuerg un der Spëtzt um Dossier, huet vill dozou bäigedroen, datt d'Leit aus dem Prisong koumen. Mee et ass nach vill ze maachen. D'Mënscherechter sinn e Prozess op laang Dauer, et ass e Kampf, bei deem et zum Gléck vill Leit op der Welt ginn, déi sech dofir asetzen, all Dag. Dat ass de gudde Message. Mee och déi Leit brauchen Ënnerstëtzung. All Bréif, all Ënnerschrëft, déi vu Lëtzebuerg kënnt, huet eng grouss Bedeitung. Et muss ee sech drun erënneren, datt Leit, déi géint Persoune wéi de Putin oder den Erdogan kämpfen, frou sinn, wa si héieren, datt 3.000 Leit zu Lëtzebuerg sech fir si mobiliséiert hunn, dat kann hiert Liewe retten. An dat mécht et och a ville Fäll. Et ass also wierklech wichteg, an och d'Leit zu Lëtzebuerg kënnen e weltwäiten Impakt hunn.