Radioen

On air

Al Schanken  |  Janis Joplin - Work Me, Lord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënscherechter an den Entreprisen

Koalitiounsaccord

Mënscherechter an den Entreprisen

Sollen Entreprisen iwwer ee Gesetz dozou verflicht gi sécherzestellen, datt d'Mënscherechter iwwer hir ganz Chaîne de valeur agehale ginn? Am Koalitiounsaccord hat d'Regierung festgehalen, déi Méiglechkeet ze studéieren. Dat heescht awer net, datt et zu engem Gesetz kënnt.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Michèle Sinnerplay_arrow

Studéiert, ob een e Gesetz brauch, oder fir datt d'Entreprisen d'Mënscherechter respektéieren, gëtt am Aarbechtsgrupp Entreprisen a Mënscherechter, an deem d'Privatentreprisen, Gewerkschaften an ONGe vertruede sinn.

De Marc Bichler, Ambassadeur itinérant fir d'Mënscherechter am Ausseministère, leet den Aarbechtsgrupp a seet, deem seng Roll wier et fir "effektiv duerchzediskutéieren, wat d'Vir- an Nodeeler vun enger nationaler Legislatioun kéinte sinn". Et wier awer net um Aarbechtsgrupp fir e Projet de loi auszeschaffen oder aner Decisiounen ze huelen.

D'Initiativ fir en Devoir de vigilence, an där eng 16 Associatiounen, ONGen a Gewerkschafte vertruede sinn, hat am Dezember esou e Gesetz gefuerdert. Dobäi schéngt et schonn eng Tendenz an der Regierung ze ginn, fir kee Lëtzebuerger Gesetz ze maachen.

Kee Gesetz, mee eng europäesch Approche

De Marc Bichler erkläert, den Ausseminister Jean Asselborn hätt schonn op europäeschem Niveau gesot, datt et héchstwarscheinlech méi sënnvoll wier fir en EU-wäit gültege Kader auszeschaffen.

"Op där enger Säit geet et drëms fir de Respekt vun de Mënscherechter an den Entreprisen ze stäerken. Op där anerer Säit geet et drëms fir ze verhënneren, datt Konkurrenzdistortiounen tëschent den Entreprisen entstinn". Et wéilt ee verhënneren, datt an der Europäescher Unioun ee "Mosaik vun nationale Gesetzgebungen" dobäi géif erauskommen. "Ee Mosaik, dee ganz schwéier op engem Marché intérieur an Europa an engem Marché unique ëmzesetze wier."

Lëtzebuerg wéilt sech an deem Sënn och mat aneren EU-Länner op dem Niveau vun der UNO fir entspriechend Traitéen asetzen, esou de Marc Bichler.