Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meloni-EU: Eng Virwëtztut

EU-ITALIEN

Meloni-EU: Eng Virwëtztut

D'Victoire vun der Giorgia Meloni an hirer rietsradikaler Fratelli d'Italia werft zu Bréissel Froen op. Onkloer ass, wéi si sech EU-politesch positionéiere wäert. Gëtt d'EU elo méi onstabil?

auto_stories

4 min

Bréissel kuckt gespaant op Roum: Ob et mat enger Regierung ënner der Giorgia Meloni béis Iwwerraschungen um EU-politesche Plang gëtt, ass nach net eraus.

"Wa sech Saache an eng problematesch Direktioun entwéckelen, hu mir Moyenen, fir dorop reagéieren."

Dat sot d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen déi lescht Woch op der Princeton University zu New Jersey gesot.

Dat hat an Italie fir Opreegung gesuergt. Ee Spriecher vun der Europäescher Kommissioun preziséiert duerno: d'Ursula von der Leyen huet gemengt, datt d'EU een Instrument huet, dat doriwwer waacht, ob d'Prinzippie vum Rechtsstaat respektéiert ginn.

Jean Asselborn: "Ech hoffen, datt d'Kommissioun hir Aarbecht mécht"

De Lëtzebuerger Ausseminister hofft genee dorop, datt d'Europäesch Kommissioun hir Aarbecht mécht. Italien wier ouni d'EU a schlechten Dicher, sou de Jean Asselborn e Méindeg op enger Pressekonferenz.

Et sollt ee frou sinn, datt et an der EU Traitéë gëtt, un déi sech och déi zukünfteg italienesch Regierung hale muss.

"Italien ass ee Land, wat Suen aus Europa brauch, an de Géigewäert ass deen, datt déi europäesch Wäerter mussen héich gehale ginn. D'Traitéë si keng absolut Garantie, fir datt d'Demokratie héich gehale gëtt. Mir gesinn dat a verschiddene Länner, mee ëmmerhin ass dat awer ee Kader. Et gëtt zanter dem Dezember zejoert d'Méiglechkeet, d'Schrauf um finanzielle Plang unzezéien. An ech hoffen, datt d'Europäesch Kommissioun do hir Aarbecht mécht."

Meloni-Orbán: eng nei europaskeptesch Allianz?

D'Positioun vu Fratelli d'Italia par rapport zur EU wier ëmmer déi nämmlecht gewiescht, hat d'Spëtzekandidatin Meloni virun de Walen deklaréiert.

"Italien ass Deel vum Westen, vun der Nato, vun der EU. An engems, missten déi national Interêten mat Stolz verdeedegt ginn. Dat zweet koum ze kuerz. Eis national Interêten an Europa verdeedegen an no gemeinsame Léisunge sichen, doru wëlle mir méi haart schaffen."

Eng Regierung vun der Riets-Allianz, déi sech aus "Fratelli d'Italia", der "Lega Nord" an der "Forza Italia" zesummesetzt, kéint sech awer an Zukunft mat Ungarn zesummendinn an EU-Dossieren blockéieren, sou eng Angscht zu Bréissel.

An et gëtt Zeechen, déi dofir schwätzen. Bei engem Vott den 15. September am Europaparlament, an deem eng grouss Majoritéit vun Europadeputéiert hir Bedenken par rapport zur politescher Situatioun an Ungarn ausgedréckt hunn, hu weder d'Vertrieder vu "Fratelli d'Italia" nach déi vun der "Lega Nord" dofir gestëmmt.

"Et ass net intelligent, Deeler vun Europa an Direktioun Russland ze drécken", sou nom Vott d'Giorgia Meloni. Si huet och betount, déi ungaresch Regierung wier am Contraire zur polnescher net hiren Alliéierten.

Effektiv ass d'Fratelli am Europaparlament Deel vun der Fraktioun vun den "Europäesche Konservative an Reformisten" (ECR), zu deene och déi polnesch Regierungspartei PIS gehéiert.

Dem Matteo Salvini seng Lega ass Member vum méi euroskeptesche Grupp "Identitéit an Demokratie", an deem och déi däitsch AfD, de belsche Vlaamse Belang oder dee franséische Rassemblement national vertruede sinn.

Spannunge virprogramméiert

Onkloer ass, wéi sech eng nei Regierung behuele wäert, seet den italienesche Journalist vu Radio 24 Gigi Donelli. D'Roll als Premierministesch wier nei fir d'Giorgia Meloni.

"Evidemment, il sera important d'apprendre à connaître le choix de Giorgia Meloni, justement en vue de la Hongrie et des dossier sensibles pour l'Union européenne."

Si wäert sech net onbedéngt mat der EU uleeën, huet sech e Méindeg iwwerdeems de Michele Barbero vun der AFP an engem Webinar vum "European Policy Centre" gewisen.

"Ech sinn e bëssen optimistesch, datt dee ganze System funktionéiert. Mee et wäert sécher zu Spannunge kommen, politesch a finanziell".

Zu Bréissel an der Kommissioun wollt een d'Resultat vun de Walen net kommentéieren. Et géif ee wéi gewinnt mat där Regierung, déi aus de Walen ervirgeet, zesummeschaffen, sou de Porte-parole Eric Mamer. "Mir hoffen op eng konstruktiv Zesummenaarbecht mat den neien italienesche Autoritéiten."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.