Radioen

On air

Notturno  |  Twain - Walking II

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méisproochegkeet ass en Deel vun der Identitéit"

Chamberwahlen 2018

"Méisproochegkeet ass en Deel vun der Identitéit"

Sozial Kohesioun wier ee vun de Piliere vun der CSV-Wahlcampagne, esou de Claude Wiseler. Fir d'Bedeelegung vun den Auslänner misst de Conseil national pour étrangers gestäerkt ginn, e Gremium dat net ganz bekannt wier.

auto_stories

2 min

Den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Lëtzebuergesch misst als Integratiounssprooch ausgebaut ginn, dat och scho virum Cycle eent an der Grondschoul. Lëtzebuergesch dierft awer och keng Mauer a Barrière fir Integratioun ginn, esou den CSV-Spëtzekandidat.

Lëtzebuergesch wier Deel vun der Traditioun an Identitéit vum Land. Lëtzebuerg wier zënter 100 bis 150 Joer e Land, dat sech doduerch charakteriséiert, datt Franséisch an Däitsch geschwat a geléiert géif ginn. Den CSV-Spëtzekandidat hätt och gär, datt dat esou weider gefouert géif ginn. D'Méisproochegkeet wier och Deel vun der Identitéit vum Land.

Trennung vu Kierch a Staat gëtt net réckgängeg gemaach

D'Trennung vu Kierch a Staat gëtt dem Claude Wiseler no net réckgängeg gemaach. D'Aféierung vum Cours Vie et société wier e Fakt. Hie weist net, wéi een dorobber kéint zréckkommen. Et wéilt een de Cours "Vie et société" mat sengen Inhalter nach eng Kéier mat de Leit um Terrain kucken, ob dat dat Richtegt wier, an ob et dat wier, wat ee maache wéilt.

Zu de Kierchefabricke seet de Claude Wiseler, datt och hei gesetzlech Fakte geschaaft gi sinn. Elo misst ee kucken, ob nach Nospiller um Geriicht géife kommen. Et wéilt een den Text awer esou änneren, datt d'Gemengen d'Méiglechkeet hunn, fir Konventioune mam Kierchefong ofzeschléissen. D'Gemenge solle kënnen dora bezuelen, wann d'Kierchen dee Besoin hunn. Zu de Salairë vun de Paschtéier seet de Claude Wiseler, datt dës Fro tëscht der Regierung an der Kierch geléist gi wier. Hien hätt keng Revendicatiounen doriwwer héieren.

Pensiounen: Keng kloer Ausso

Zu de Pensiounen mécht de Claude Wiseler widderspréchlech Aussoen. Engersäits seet hien, et wier noutwendeg fir eng Pensiounsreform ze maachen. Anerersäits seet hien, eréischt an der nächster Legislaturperiode soll d'Analys dozou gemaach ginn a wann néideg, misst dann eng Reform kommen. Zil wier net fir d'Pensiounen ze kierzen, mee fir se fir d'Zukunft ofzesécheren.