Europawahlen Méiglecherweis méi Net-Wieler

Um 11 Auer den Owend ass kloer, wien déi nächst fënnef Joer 512 Milliounen EU-Bierger vertrëtt. Dann dierfen déi offiziell Resultater vun den Europawahle publizéiert ginn. De radio 100,7 huet vun néng Auer bis Mëtternuecht eng Live-Emissioun, mat allen Informatiounen a Reaktiounen.

Paule Rodesch / cz

Joséanne Schroeder
Joséanne Schroeder

Siwe Länner hunn zanter en Donneschdeg gewielt - haut war et un 21 weideren - ënner anerem och um Grand-Duché. Ronn 230.000 Lëtzebuerger an eng 23.000 EU-Auslänner waren dozou opgeruff, fir hir Stëmm ofzeginn. Bal all fënnefte Wieler hat d'Bréifwahl ugefrot. Hei am Land si 60 Kandidaten a Kandidatinne vun zéng Parteien ugetrueden.

Den Ament ginn d'Stëmmziedelen hei am Land ausgewäert. Op Nofro bei der Presidentin vum Haaptwahlbüro um Lampertsbierg, Joséanne Schroeder, gouf et bis ewell keng Problemer bei den Auszielungen. Déi véier Stater Büroen hätten hir Bulletine schonn an de Büro centralisateur eraginn. Momentan ginn dës ausgezielt. D'Joséanne Schroeder geet dovun aus, datt dës "zimlech zügeg" ausgezielt wäerte ginn.

Et war am Virfeld vun de Wahle gefaart ginn, datt wéinst der Päischtvakanz eventuell net sou vill Leit sech géifen an d'Wahlbüro deplacéieren. Et schéngt, wéi wann dës Erwaardung sech géif bestätegen. Festleeë wëllt d'Joséanne Schroeder sech net, mee no engem éischte Bléck op d'Listes d'absences kéint ee soen, datt vill Leit sech net an de Wahlbüro deplacéiert hätten. "Genee Angabe kann ech net maachen, mee et sinn der vill. Ech géif soen, e bësse méi wéi soss, jo", sou d'Joséanne Schroeder.

All d'Resultater, Analysen a Reaktiounen zum Vote vu Lëtzebuerg a vun den anere 27 Memberlänner héiert Dir an enger Spezialemissioun vun 21 Auer un. Mir berichte live aus eisem Studio um Kierchbierg, aus dem Europahaus an der Stad an aus dem Europaparlament zu Bréissel.

Méi zum Thema

Wielen
Europawahlen 2019

Bis 14 Auer konnten hei am Land 283.683 Wieler hir Stëmm ofginn. Am Rennen ëm déi sechs Sëtz am Europaparlament si 60 KandidatInne vun zéng Parteien. Resultater däerfen eréischt no 23 Auer publizéiert ginn.

Pia Oppel Analys
Europawahlen 2019

An Holland an a Groussbritannie gouf scho gewielt. An zu Lëtzebuerg dominéieren Diskussiounen ëm Wahlkampftaktiken déi ëffentlech Debatt. D'Pia Oppel kuckt op déi lescht Woch zeréck.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen