Ob de Jean Asselborn bei den Europawahlen untrëtt, géif vun de Chamberwahlen dëst Joer hei am Land ofhänken, heescht et. Wann den LSAP-Politiker nom 14. Oktober net Minister géif bleiwen, da wier eng Kandidatur als sozial-demokratesche Spëtzekandidat 2019 eng Optioun.
De Kurier hat geschriwwen, datt dem Lëtzebuerger Ausseminister säin Numm an dësem Kontext genannt géif ginn, ouni awer eng Source dofir ze nennen.
Op Nofro vum radio 100,7 hat de Jean Asselborn gesot, säin Haaptengagement wier et fir mat der LSAP d'Wahlen de 14. Oktober ze gewannen. "Net méi an net manner", esou den Ausseminister.
Decisioun am Dezember 2018
De Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokrate soll am Dezember op engem Kongress zu Wien nominéiert ginn. De franséischen EU-Kommissär Pierre Moscovici hätt Interesse ugemellt, fir fir d'Sozialdemokraten an de Wahlkampf ze zéien, hat de Kurier geschriwwen. Genannt géif awer och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ginn.
Fir d'Europawahlen 2019 stellen d'Parteien erëm Spëtzekandidaten op. Dës kandidéiere fir de Poste vum Chef vun der EU-Kommissioun.