Radioen

On air

De Moien  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méigleche Referendum bei Verfassungsreform: "Dat Normaalst vun der Welt"

Verfassungsreform

Méigleche Referendum bei Verfassungsreform: "Dat Normaalst vun der Welt"

E Mëttwoch gëtt och dat éischt Kapitel vun der Verfassungsreform - dat vun der Justiz - an der Chamber diskutéiert a wuel och gestëmmt. Fir datt et a Kraaft triede kann, mussen d'Deputéiert den Text no engem Delai vun op d'mannst dräi Méint eng zweete Kéier guttheeschen.

auto_stories

1 min

De Mars Di Bartolomeo ass Deputéierte fir d'LSAP

Dësen zweete Vott kann awer och duerch ee Referendum ersat ginn, wann entweder 15 Deputéiert dat froen - wat an der aktueller Konstellatioun éischter onwarscheinlech ass - oder 25.000 ageschriwwe Wieler eng deementspriechend Petitioun ënnerschreiwen.

De Mars Di Bartolomeo betount, datt dat dann och respektéiert géif ginn:

"Wann de Bierger (mat engem grousse B), wann d'Leit dobaussen, wa se sech informéiert hunn, der Meenung sinn, datt et gutt wier, wann deen zweete Vott duerch e Referendum, also duerch hire Vott, ersat gëtt, dann ass dat dat Normaalst vun der Welt."

Den LSAP-Deputéierten ass "déif dovun iwwerzeegt", datt déi aktuell Propos fir d'Revisioun vun der Verfassung - un där 15 Joer laang geschafft ginn ass - a "ganz ville Punkte wesentlech besser ass, wéi déi Texter vun 1868". Lëtzebuerg géif eng Verfassung verdéngen, "déi de Realitéite Rechnung dréit".