Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglech Testzenteren an de Gemengen

Schnelltester

Méiglech Testzenteren an de Gemengen

Zertifiéiert Schnelltester kéint een deemnächst och an Testzentere vun de Gemenge kréien. Iwwer déi genau Modalitéite beroden de Gesondheetsministère an de Gemengesyndikat Syvicol nach. Dës Offer kéint d'Caféen a Restauranten entlaaschten, déi iwwermuer nees solle kënne Clienten dobannen ëmfänken.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi eng Gemengen esou Schnelltestzentere wéilten opmaachen, wier nach net kloer, sot eis de Syvicol-President Emile Eicher. Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat am Tageblatt Interessi un esou engem kommunale Schnelltestzentrum geäussert. Den Escher Schäfferot huet sengersäits de Moien decidéiert amplaz de Caféen a Restaurante jeeweils eng 150 Schnelltester gratis zur Verfügung ze stellen.

De Gesetzesprojet, deen d'Ouverture virgesäit an de Mëtteg an der Chamber gestëmmt gëtt, gouf uganks der Woch nach emol ugepasst, esou datt elo och Employéen a Fonctionnairë vu Staat an de Gemenge Schnelltester dierfen zertifiéieren - an deem Fall wieren dat Tester, déi d'Leit ënner Opsiicht dann an engem Testzentrum selwer u sech virhuelen. Dëst wier eng alternativ Offer zu de zertifiéierten Tester, déi een an der Apdikt ka maachen.

Eng Rei Gemenge wéilten esou d'Caféen a Restauranten entlaaschten, déi jo soss mussen derfir suergen, datt hir Clienten en Test op der Plaz realiséieren, erkläert de President vum Gemengesyndikat Emile Eicher - ee Virdeel vun de zertifiéierten Tester wier och, datt se 24 Stonne gülteg sinn.

De Syvicol krut éischt Äntwerten zu logistesche Froe ronderëm d'Opmaache vun esou Testzenteren - de Santésministère stéing der Iddi vu kommunale Schnelltestzentrumen och positiv géintiwwer, seet den Emile Eicher. Mee ob de Staat d'Tester och finanzéiert, wier awer nach net kloer.