Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglech nei Mesuren d'nächst Woch

Corona-Pandemie

Méiglech nei Mesuren d'nächst Woch

D'Regierung preparéiert weider Mesuren am Kampf géint d'Corona-Pandemie. Zwar wéilt een nach ofwaarden, wéi d'Situatioun dës Woch evoluéiert, mee de Regierungsrot huet scho preventiv en Text ugeholl. De Vott an der Chamber soll awer nach net direkt sinn.

auto_stories

3 min

De Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv)

Nodeems d'Zuele vun den Neiinfektiounen a vun den Doudesfäll weider eropginn an d'Situatioun an de Spideeler weider akut ass, huet de Regierungsrot de Moien nei Mesuren decidéiert.

Et wéilt een awer nach bis e Méindeg ofwaarden, wéi d'Situatioun sech entwéckelt. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huet vun der Grenz vu 500 Neiinfektioune pro Dag geschwat, déi misst ënnerschratt ginn.

D'Chamber gouf en Dënschdeg de Moien iwwer den Text informéiert, e Vott soll awer nach net stattfannen. Déi nei Mesurë sollen da bis de 15. Dezember gëllen, och d'Ausgangsspär géif an deem Fall verlängert ginn.

Horesca muss eventuell nees zoumaachen

Et misst een do usetzen, wou d'Leit zesummekommen a kee Mask unhunn, sot de Xavier Bettel op enger Pressekonferenz an der Mëttegstonn. Hien huet den Horesca-Secteur ugeschwat: hei kéint et vun nächster Woch erëm zu enger Fermeture kommen. Et soll awer méiglech sinn, Take away unzebidden.

De Mëttelstandsminister Lex Delles huet, wéi d'lescht Woch schonn annoncéiert, e Gesetzesprojet deposéiert, fir an deem Fall den Entreprisen ënner d'Äerm ze gräifen.

Méiglech Mesurë fir an der Schoul

Sollt d'Situatioun sech net verbesseren, géif dat och nei Mesuren an de Schoule mat sech bréngen. Dëst missten awer net per Gesetz gereegelt ginn, den Educatiounsminister Claude Meisch kéint déi dann e Méindeg huelen, ouni datt e Vott an der Chamber néideg wier.

  • D'Aféiere vum A/B-System an de méi héije Klassen
  • Apprentissage à distance do, wou et méiglech ass
  • Ännerungen an de Kantinnen: d'Distanze sollen hei méi agehale ginn.

Aner méiglech Restriktiounen

Sollten d'Zuelen net erofgoen, esou kéinten och am Privaten nei Mesurë kommen: da wier et just nach erlaabt, zwou Persounen doheem ze invitéieren. Dëst dierften dann och just Persounen aus dem selwechte Stot sinn, huet de Premier Xavier Bettel preziséiert.

Och de Sport soll gréisstendeels erëm verbuede ginn, ausser Elitten- a Profisport. Et dierft een awer nach zesummen dobausse Sport maachen, esou de Xavier Bettel. Sport an der Hal, grad wéi Fitnesszenteren, missten erëm zoumaachen. Et géif eng Ausnam gi fir de Schoulsport.

Am kulturelle Secteur solle just nach déi Aktivitéite méiglech sinn, wou d'Leit zirkuléieren an e Mask unhunn: Theateren a Concertssäll géifen zougemaach ginn, Ausname wiere Muséeën, Bibliothéiken a Galerien.

Neien CCC a Schnelltester

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huet iwwerdeems och confirméiert, datt en neie Centre de Consultation Covid (CCC) zu Esch soll opgoen, wou ee mat Symptomer goe kann a sech teste loosse kann.

Et géif hei drëm goe fir Medezinner, d'Pediateren an d'Urgencen ze entlaaschten. Och Kanner vu sechs Joer u kënnen hei behandelt ginn.

Weiderhi sollen bis Enn der Woch weider Schnelltester ukommen, esou d'Paulette Lenert.