Radioen

On air

De Moien  |  Christine And The Queens - Doesn't Matter (Voleur De Soleil)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglech Krittäre fir Schnelltester

Covid-Tester

Méiglech Krittäre fir Schnelltester

Am Kampf géint de Coronavirus wäerten d'Covid-Schnelltester nëmmen ënner verschiddene Konditioune vu Virdeel sinn, warnen d'Experten. Dofir denkt och d'Santé iwwer verschidde Krittären no, esou de Santésdirekter Jean-Claude Schmit op Nofro hin. Mee och da misst den Experten no den Antigen-Test virsiichteg agesat ginn.

auto_stories

2 min

Bäitrag lauschterenplay_arrow


D'Krittäre kéinte virgesinn, datt en Antigen-Schnelltest en CE-Label misst hunn, datt e vun engem Professionellen aus dem Gesondheetssecteur misst gemaach ginn, d'Hygiènesmesure assuréiert misste sinn an all positive Schnelltest gemellt misst ginn. Mee souguer da misst den Antigen-Test den Experten no virsiichteg agesat ginn.

De Covid19-Schnelltest muss duerch d'Nues gemaach ginn a géif virop bei deene Patiente Sënn erginn, déi Symptomer hunn, seet den Dr. Vic Arendt aus dem Service vun de Maladies infectieuses am CHL. Dës Patienten hätten eng grouss Quantitéit vum Virus a sech, an do wier d'Sensibilitéit "eenegermoossen ok".

"De Problem ass, datt Leit, déi manner Virus hunn, oder déi scho méi laang infizéiert sinn, déi verpasst een dann domat. Den Antigen-Test ass gutt wann e positiv ass, mee wann en negativ ass, da muss een nach e PCR-Test maachen."

De Schnelltest punktuell asetzen

Bei 100 negativen Tester kéinte bis zu 30 Tester falsch negativ sinn, esou d'Experten, mat deene mir geschwat hunn. De Virdeel wier d'Schnellegkeet vum Resultat, dat ee bannent 15 Minutte ka kréien. Deemno kéinten déi Tester virop an den Urgencë vun de Spideeler zum Asaz kommen, an do, wou reegelméisseg getest géif ginn, wéi zum Beispill bei groussflächegen Depistagestrategien.

Als Beispill nennt den Dr. Vic Arendt Schoulen, wann d'Leit hei zwee mol d'Woch géife getest ginn. "Dat kann ee sech mat engem Antigen-Test virstellen, a mat engem PCR-Test éischter net." Esou géif ee feststellen, wien eng grouss Quantitéit vum Virus huet an deemno och am meeschten ustiechend ass, och wann een dann e puer géif verpassen.

Wéineg Sënn géif et maache Leit queesch duerch de Gaart ze testen. Eisen Informatiounen no géif allerdéngs elo schonn e Cabinet vu Generaliste Schnelltester ubidden, an net jiddweree géif sech un déi néideg Recommandatiounen halen. Ob d'Santé oder de Collège medical eppes dogéint ënnerhuelen, ass onkloer.