Radioen

On air

Resonanzen  |  E volle Concertsweekend am Éislek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Vitess beim Atomausbau

Diskussioun a Frankräich

Méi Vitess beim Atomausbau

An der franséischer Assemblée Nationale steet zwar grad d'Pensiounsreform am Fokus, mee och nach een anere wichtegen Gesetzesprojet gëtt dës Woch am Parlament diskutéiert. D'Regierung wëll d'Atomenergie stäerken an proposéiert e Gesetz, dat ënner anerem virgesäit, de Bau vun neien Reakteren ze vereinfachen an d'Lafzäiten vun den existéierenden Reakteren ze verlängeren. Dat suergt awer fir vill Kritik.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An Zukunft soll et méi einfach ginn nei Reakteren um Terrain vu bestoenden Atomkraaftwierker ze bauen. Iwwerdeems sollen d'Lafzäite vun dësen allgemeng verlängert ginn. Dës Entscheedung vun der franséischer Regierung kënnt elo awer grad zu engem Zäitpunkt, zu deem nei Rëss fir Sécherheetsbedenken an engem Nuklearpark suergen, deen u seng Altersgrenze stéisst, seet den Expert Yves Marignac. De Betrib elo op 50, 60 oder nach méi Joren ze erhéijen hält hie fir falsch, grad well een den Ament erëm d'Ufällegkeet vum Nuklearpark géif gesinn.

Eidel Verspriechen

Eigentlech sollt d'Nuklearenergie no 2035 nëmmen nach 50 Prozent vum Stroummix ausmaachen. Dëse Plaffong soll dem Gesetzesprojet no gestrach ginn. Fir den Ökonom Patrice Geoffron ass dëse Projet nëmmen een Deel vun enger méi grousser Energiefro. Viru kuerzem hätt ee jo och eng Acceleratioun bei den Erneierbare virgesinn.

Dem Paräisser Energieexpert Mycle Schneider no géing d'Regierung mat dësem Projet awer eidel Versprieche maache beim Ausbau, well dofir weder dat néidegt Personal nach de Budget do wieren. Et wier eng politesch Entscheedung, déi een awer villäicht guer net ëmsetze kéint.

Kritik u geplangte Fusioun

E grousse Sträitpunkt am Projet ass déi geplangte Fusioun vun den zwou Kontrollinstanzen IRSN an ASN, déi bis elo onofhängeg vuneneen operéiert hunn. D'IRSN ass fir d'Expertise zoustänneg an soll zukünfteg Deel vun der ASN ginn, déi sech ëm Kontrollen an Autorisatioune këmmert. De Mycle Schneider kritiséiert dat schaarf. Wann d'Expertise an d'Opsiicht géing integréiert ginn, kéint et kéng Onofhängegkeet méi.

Am Senat gouf de Projet scho gestëmmt an der Assemblée Nationale ass haut de Moien déi lescht Diskussiounsronn ugesat. Gëschter Owend gouf d'Fusioun vun der IRSN an der ASN awer schonn an der éischter Lecture rejetéiert.