Radioen

On air

Notturno  |  Ninon - Best For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Visibilitéit fir de Beruff vum Heelpedagog

Pedagogik

Méi Visibilitéit fir de Beruff vum Heelpedagog

Fir d'Association Luxembourgeoise des Pédagogues Curatives ass den 13. Abrëll en Dag fir op dëse Beruff, deen och als Sonnerpedagog bezeechent gëtt, opmierksam ze maachen. Obwuel et d'ALPC zanter 1980 gëtt, wier et deenen mannsten e Begrëff, wat de Beruff vum Heelpedagog ausmécht.

auto_stories

3 min

D'Christine Lallemand vun er ALPC beschreift de Beruff als en Educateur spécialisé, dee mat Kanner a mat Leit mat enger Beanträchtegung schafft, spezifesch Besoinen oder och Verhalensopfällegkeeten. Am Educatiounssecteur géif den Heelpedagog complementaire zu den aneren Bildungsacteuren schaffen.

D'Heelpedagogik ass eng wëssenschaftlech Approche vun der Pedagogik, en Deel vun der Ausbildung baséiert sech ënner anerem op d'Psychiatrie, d'Pedopsychiatrie. D'Eethik vum Beruff wier déi, fir d'Persoun holistesch ze gesinn, also iwwer hier Problematik eraus, an therapeutesch ze begleeden.

Heelpedagogik an de Schoulen

Datt dës pedagogesch Approche Reiwungspunkter hätt vis-a-vis engem liberale Bildungssystem, wou d'Erreeche vu Kompetenzen e groussen Deel vun der Educatioun ausmécht, niéiert d'Christine Lallemand net.

Begrëffer wéi Léierschwieregkeeten, Verhalensopfällegkeeten, spezifesch Besoine wieren mëttlerweil an der Mainstream-Educatioun ukomm. Et wier eng Unerkennung vun der Problematik do. D'Christine Lallemand mengt, datt dëst och zum Deel eng Konsequenz vum Bildungssystem wier:

"Mir dränge se an eng Këscht a mir kreéiere Burnout an Depressioun, schonn an deem Alter. Mir gesi ganz vill Kanner, déi schonn e Burnout hunn. Mir hu Kanner am Spillschoulsberäich, déi Panikattacke maachen, déi fuerchtbar nervös ginn, déi Angscht kréien, well se eppes net fäerdeg kritt hunn an der Schoul, well se Saachen net hikritt hunn, net sou gutt ware wéi [anerer]."

De Fokus op d'Erreeche vu Kompetenzen op Käschte vun der Kreativitéit géif sech och um Aarbechtsmarché erëmspigelen, do kommentéiert d'Christine Lallemeand d'Kritik vun enger dociler Aarbechtskraaft esou:

"Mir erzéien eis Kanner grad an déi Richtung, mir soen eise Kanner: hal op mat Schwätzen, mat Turnen, mat Molen, a mir soen hinnen: Lauschter no, a wann ech vulgär ka sinn: Katz erëm, wat mir der virginn."

Mënsche mat Behënnerunge wiere vergiess ginn

Den Inklusiounsgedanken ass eng wichtege Pilier an der Aarbechtsapproche vum Heelpedagog. D'Corona-Pandemie hätt en desastréisen Impakt dorobber gehat:

"Inklusioun ass esou fragil, ech hätt dat net geduecht. D'Inklusioun war vun deem engen Dag op den aneren fort."

An den Institutioune mat Leit mat enger Behënnerung hätt den Schutzoptrag déi héchst Prioritéit, dobäi goufen déi sozial Kontakter an Dagesroutinnen vun de concernéierte Leit komplett ofgebrach:

"Mir hu probéiert am Sënn vun eise Leit ze schaffen, an awer hunn déi Leit vun engem Dag op deen aneren hire Milieu verluer. Mir hu vun engem Dag op den aneren d'Ateliers protégés zougemaach. Déi Leit, déi um éischten Aarbechtsmarché geschafft hunn, déi krute gesot: du bass vulnerabel, bleif du lo mol doheem. Mir hunn de Famillje gesot, et gëtt kee Besuch méi, lo kënnt der net méi heem. Mir hu Leit, déi sinn no engem Joer fir d'éischte Kéier heem gaangen."

Den Handicaps-secteur ass vun der Politik vergiess ginn, seet d'Christine Lallemand. Dorausser zitt si eng wichteg Lektioun: de gesamte Secteur bräicht politesch vill méi Gewiicht, wéi et bis elo de Fall ass.

Studien op der Uni Lëtzebuerg

Prioritéite vun der ALPC léichen bei der Visibilitéit vum Beruff. E wichtegen Deel spillt do d'Formatioun. E positive Fortschrëtt wier de neie Studiengang vun der Inklusioun op der Uni.lu, mat engem neie Léierstull, dee vun enger Heelpedagogin aus der Schwäiz, geleet gëtt.

Laangfristeg hätt een d'Ambitioun fir d'Formatioun zesummen mat der Uni Lëtzebuerg ze collaboréieren, seet d'Christine Lallemand.