Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi streng Reegelen no der Vakanz

Däitschland

Méi streng Reegelen no der Vakanz

An Däitschland fuerdere verschidde Bundeslänner méi strikt Reegelunge fir Persounen, déi aus der Vakanz zeréckkommen. Déi momentan Mesurë géifen eng Ausbreedung vum Coronavirus net genuch bremsen. Dofir wëllen d'Bundeslänner sech elo séier mat der Bundesregierung zesummesetzen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Mat der Vakanzesaison wiisst och d'Angscht, datt de Coronavirus sech nees méi séier verbreet an d'Infektiounszuele staark no uewe ginn. Dofir wëllt de bayresche Ministerpresident Markus Söder méi streng Reegelunge fir Persounen, déi aus der Vakanz zeréckkommen.

De Markus Söder wëllt eng allgemeng Testflicht

Aktuell ass et sou, datt komplett immuniséiert Persounen, déi nees aus engem Risikogebitt oder Héichinzidenzgebitt areesen, sech zwar elektronesch mussen umellen, mee keng Quarantän néideg ass. Dës Reegelung gëllt nach bis den 10 September, mee de Markus Söder wëllt, datt scho vum 1. August un méi strikt Mesurë sollen a Kraaft trieden.

Eréischt no der Vakanz eng Quarantänreegelung anzeféiere géif kee Sënn maachen, sot hien der "Augsburger Allgemeinen". Fir Reiserückkehrer soll et eng allgemeng Testflicht ginn, egal, vu wou si areesen.

Och aner Bundeslänner ënnerstëtzen dës Fuerderungen. D'Manuela Schwesig aus Mecklenburg-Vorpommern wëllt, datt Persounen, déi an engem Risikogebitt waren, sech zwee mol mussen teste loossen an dotëscht a Quarantän ginn.

Ministerpresidentekonferenz soll Klärung bréngen

Fir méi strikt Mesuren ze decidéieren, soll elo sou séier wéi méiglech eng Ministerpresidentenkonferenz ofgehale ginn. Dës war réischt fir Enn August geplangt, mee sou laang kéint een net waarden, seet och de Ministerpresident vu Brandenburg, den Dietmar Woidke.

Iwwerdeems huet den President vum Weltärztebund, den Ulrich Montgomery, gewarnt, datt d'Vakanzesaison eng nei Well kéint ausléisen. Besonnesch jonk Persounen, déi nach kee kompletten Impfschutz hunn, géife riskéieren de Virus mat Heem ze bréngen. Dofir misst een strikt Quarantänreegelungen aféieren.