Deontologieskodex Méi streng Reegele fir d'Ministeren?
E rezente Rapport vum Grupp vu Staate géint d'Korruptioun hat drop opmierksam gemaach, datt den Deontologieskodex vun de Ministeren a verschiddene Punkte méi streng misst sinn. De Kodex gesäit ënner anerem fir, datt d'Regierungsmemberen all hir finanziell Interessie mussen deklaréieren. Dat ass och fir dës Legislaturperiod nees de Fall. Dës Informatioune sinn um Internetsite vun der Regierung ze fannen.
Vun de 16 Ministeren an der Regierung hunn der fënnef Parten an Entreprisen, dräi dovunner sinn DP-Minister an zwee si Minister vun déi gréng. Ëm wéi vill Aktien et hei geet, gëtt ee bei kengem gewuer. Den Deontologieskodex gesäit och keng Detailer vir.
Finanziell Interessen opleeën
De Grupp vu Staate géint d'Korruptioun - kuerz GRECO - vum Europarot hat a sengem Rapport vu Juni 2018 ënner anerem gesot, datt et positiv wier, datt d'Ministeren hir Participatiounen an Entreprise missten deklaréiere, mee dat géif net duer goen.
Den Europarot géif dofir eng Erweiderung vun der Obligatioun recommandéieren, déi virgesäit, datt Ministeren hir finanziell Interesse mussen opleeën. "An zwar op hir Immobilieninvestissementer an hir grouss Scholden. Mir recommandéieren och, datt d'Informatiounen iwwer hir Partner an ofhängeg Familljememberen deklaréiert ginn.", erkläert d'Sophie Leenders. Dës Informatioune missten awer net public gemaach ginn.
Och héich Staatsbeamte sollen Obligatiounen ënnerleien
Weider recommandéiert de Rapport, datt héich Staatsbeamten déi selwecht Obligatioune sollen hunn, well si de Pouvoir hu fir Decisiounen ze huelen, finanziell Engagementer ze maachen, ouni dofir den Accord vum Minister ze brauchen. Weider hätte si Accès zu confidentiellen Informatiounen a wieren deemno och Interessekonflikter ausgesat. "Dowéinst recommandéiere mir, datt déi héich Staatsbeamten deene selwechten Obligatiounen ënnerleie wéi d'Ministeren.", seet d'Sophie Leenders.
Dëse GRECO-Rapport mat Recommandatiounen ass och un d'Regierung gaangen, déi bis Enn 2019 Zäit huet fir dem GRECO ze äntweren. Et géif een dru schaffe fir d'Recommandatiounen ëmzesetzen, heescht et op Nofro hin aus dem Staatsministère.
Och Deputéiert solle finanziell Interessen deklaréieren
Niewent de Ministere mussen och d'Deputéiert an der Chamber, hirem Code de Conduite no, déi finanziell Interessen deklaréieren. An engem Rapport vun 2015 hat de GRECO ähnlech Recommandatioune gemaach. Déi goufe bis ewell net ëmgesat, erkläert d'Sophie Leenders.
"D'Obligatioune bei den Deputéiert goufen deelweis un eis Recommandatiounen ugepasst. Mee mir hate si och gefrot, datt si de Patrimoine an déi finanziell Interesse vun de Conjointen deklaréieren. Déi Deklaratiounen hätten net onbedéngt missten ëffentlech gemaach ginn. Mee si hunn awer decidéiert, dat net ze maachen."
Effektiv heescht et am Procès verbal vun der Chamberkommissioun "Institutiounen a Verfassungsrevisioun vum 1 Juni 2016: "La commission n'entend pas élargir la portée des déclarations patrimoniales." D'Chamber géif elo op deen neie Rapport waarden, esou den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. Dee soll nach dëst Joer publizéiert ginn.
Bis elo keng Sanktiounsméiglechkeeten
De Grupp vu Staate géint d'Korruptioun vum Europarot bedauert, datt a béiden Deontologieskodex keng Sanktiounen a keng Kontrolle virgesi sinn. D'Regierung soll selwer een onofhängege Kontrollmechanismus schafen, fir datt de Public an d'Journaliste korrekt Informatioune garantéiert kréien. Bis elo ass et um Public ze kontrolléieren, ob d'Informatioune vun den Deputéierte respektiv de Ministere korrekt sinn.