Accord gëtt respektéiert Méi Schëffer mat Käre verloossen ukrainesch Häfen

Dräi Schëffer geluede mat Kären hunn de Moien ukrainesch Häfe verlooss. Si sinn um Wee fir an Irland, Groussbritannien, an d'Tierkei. Zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun konnt dat alleréischt Schëff eréischt Ufank dëser Woch den Hafe vun Odessa verloossen.

Philip Crowther (Lwiw) / cz

Loftopnam vun engem Käre-Schëff an der Ukrain dat beluede gëtt
Loftopnam vun engem Käre-Schëff an der Ukrain, dat beluede gëtt (Foto: Bigstock / oqtave)

Lauschteren

Den Accord tëscht Russland an der Ukrain, ënnert der Vermëttlung vun der Tierkei an der UNO, schéngt ze fonctionéieren. Eng russesch Blockad vum Schwaarze Mier hat bis Ufank dëser Woch keen Agrarexport aus der Ukrain zougelooss. Elo sinn et scho véier Schëffer an Dausenden Tonne Mais déi um Wee sinn. Iwwert eng Dose Schëffer hunn an den Häfen op den Depart gewaart, zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun Enn Februar, viru bal engem hallwe Joer. Dat éischt Schëff ass nom Ënnerschreiwe vun dësem Agrarexport-Ofkommes um Wee fir a Libanon.

Russland versuergt seng Alliéiert mat Kären

Ob eng Hongerkris an den äermsten Deeler vun der Welt mat dësem Ofkommes awer ka verhënnert ginn, ass eng aner Fro. Millioune Leit an Afrika, am Noen Osten, an an Deeler vun Asien brauchen d'Kären aus der Ukrain, an d'Ukrain brauch d'Geschäft natierlech och. Et gouf schonn Agrarexporter duerch d'Schwaarzt Mier, mee Kiew seet, datt et sech do ëm geklaut Käre gehandelt huet, déi Russland u seng Alliéiert schéckt. Syrien ass e rezent Beispiller dat der Ukrain no, vun esou enger Liwwerung profitéiere wëllt.

20 Milliounen Tonne Käre si weider an ukrainesche Siloen

All Schëff gëtt an der Tierkei ënnersicht. Näischt Aneres däerf geliwwert ginn, a keng Waffen däerfe per Schëff an d'Krichsgebitt. Esou Kontrollen daueren, an esou séier wäert de Präis vu Mais, Weess, a Sonneblummenueleg net erofgoen. Wichteg ass och, datt e groussen Deel vun dëse Liwwerungen als Déierefudder an net fir d'Mënsche benotzt wäert kënne ginn.

Ronn 20 Milliounen Tonne Kären sinn nach ëmmer an ukrainesche Siloen an Häfe blockéiert. Dëst Joer gëtt manner produzéiert, wéinst dem Krich.

Zënter dem Krich goufen aner Weeër gesicht. Esou seet d'Europäesch Kommissioun, datt am Mount Juli 2,8 Milliounen Tonne Kären iwwert de Landwee exportéiert goufen, iwwert déi sougenannt "solidarity lanes". D'Kommissioun wëllt et mat manner Bürokratie erméiglechen den Export vu Kären duerch d'EU op aner Kontinenter ze vereinfachen.

Méi zum Thema

Schëff Hafen Kären Odessa
No Verhandlungserfolleg

Déi éischte Kéier zënter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain huet de Méindeg de Moien ee Schëff mat Kären den Hafe vun Odessa verlooss. Dem tierkesche Verteidegungsministère no wier d'Schëff a Richtung Libanon ënnerwee.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen