Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Plaz fir d'Archiven

Laang gewaart

Méi Plaz fir d'Archiven

D'Nationalarchive leide schonn zanter Joren ënner akutem Plaz- a Personalmanktem. A mam neien Archivgesetz vun 2018 muss de Staat nach méi archivéieren. Just virun der Summerpaus huet d'Chamber engem Budget vu bal 80 Milliounen Euro zougestëmmt, fir de Bau vun engem neie Archivgebai zu Esch-Belval an de Rekrutement vu méi Personal. D'Direktesch vun den Nationalarchive Josée Kirps huet laang missen op dës Decisioun waarden.

auto_stories

2 min

De Projet vun engem neien Archivgebai hat sech 2003 schonn emol mat engem Architekturconcours konkretiséiert, gouf dunn awer aus Käschtegrënn ni realiséiert. Mat der Konsequenz, datt d'Nationalarchiven, den Ament nieft dem Haaptgebai um Helleg-Geescht-Plateau op fënnef provisoresch Depote verdeelt sinn. Hei goufen et Waasserschied, mee och déi opwändeg Logistik ass net ideal fir de Stockage vun Dokumenter, erkläert d'Josée Kirps.

Et hätt een andauernd missten Dokumenter vun där enger Plaz op déi aner féieren, well een d'Dokumenter an enger Salle de lecture misst zur Verfügung stellen. "Dat ass fir Dokumenter natierlech net ideal, wa se transportéiert gi vun enger klimatescher Zon an den Depoten, an en Auto, wou dann nees eng aner Temperatur ass, an da komme se an eng Salle de lecture."

D'Ekipp ass am internationale Verglach akut ënnerbesat

Am neie Gebai sollen d'Dokumenter geméis den internationale Standarden archivéiert ginn. A mam Opstocke vum Personal vun elo 40 op ëm déi 75 Leit, soll och de Personalschlëssel méi deem entspriechen, wat recommandéiert gëtt. Pro Kilometer Archiven bräicht een deemno 1,5 Leit "also den Archivist, iwwer de Magasinier bis zum Conservateur". Dat heescht awer och, datt een elo scho 75 Leit bräicht. Am Verglach mat internationale Standarde wier d'Ekipp also akut ënnerbesat, "obwuel d'Regierung eis do an de leschte Méint a Joren ëmmer vill gehollef huet", esou d'Josée Kirps.

D'Gebai soll bannent dräi Joer seng Dieren opmaachen. Et ass ausgeluecht, fir datt déi nächst 25 Joer kee Plazmanktem beim Archivage soll entstoen. Duerno ass Plaz virgesi fir eng eventuell Extensioun vum Gebai. Quitt, datt bis dohinner den digitalen Archivage eng méi grouss Roll wäert spillen, erkläert d'Josée Kirps.

"Mee och ee groussen Datenzentrum muss ee geréieren. Dat kascht och Suen. Do muss ee ganz gutt iwwerleeën, wat ee mécht. Well do huet all Entscheedung grouss finanziell Konsequenzen."

Fir den Accès zum Archivmaterial ze verbessere wëllen d'Nationalarchiven hir Offer iwwerdeems allgemeng verstäerkt digitaliséieren. D'Verspéidung, déi de Projet vum neie Gebai krut, hätt deemno och eng gutt Säit.