Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi onofhängeg vun der Groussregioun sinn

Gesondheetssecteur

Méi onofhängeg vun der Groussregioun sinn

Et feelt zu Lëtzebuerg un Infirmièren an Infirmieren, seet d'Michèle Wolter, d'Chief Nursing Officer aus dem Gesondheetsministère. D'Altersmoyenne vun den aktuell 6.200 Infirmieren an Infirmièrë läit bei 42 Joer. An den nächste 15 Joer wäerten der deemno 2.600 an d'Pensioun goen an déi missten ersat ginn, esou d'Michèle Wolter.

auto_stories

2 min

Nëmmen een Drëttel vun deenen, déi zu Lëtzebuerg gebraucht ginn, gëtt och hei ausgebilt. Déi aner zwee Drëttel ginn an de Grenzregioune rekrutéiert. Dat wier awer, wéi d'Corona-Kris gewisen huet, net ouni Risiko, wa beispillsweis d'Grenzen zougemaach ginn.

Ganz eleng kéint een déi néideg Infirmieren an Infirmièren net ausbilden. Et wier awer besser net esou ofhängeg vun der Groussregioun ze sinn, mengt d'Michèle Wolter. Verschidde Spideeler zu Tréier an am noe Frankräich hätte beispillsweis d'Salairen an d'Luucht gesat. Verschidden Infirmièrë wieren dann net méi bereet dee ville Stau a Stress op sech ze huelen.

De Beruff opwäerten

Et wier dofir dréngend noutwendeg, de Beruff opzewäerten iwwer eng aner Formatioun an hannendrun eng verbessert Remuneratioun, esou d'Michèle Wolter. Méi héich Paie kéinten awer och zu méi héijen Tariffer a Spideeler an an Altersheemer féieren, gëtt d'Michèle Wolter zou.

Duerch héich qualifizéiert Personal kéint een awer beispillsweis Hospitalisatioune vu Residenten aus de Maison de soine verhënneren. Dat wieren dacks onnéideg Hospitalisatiounen, déi duerch e kompetent Personal verhënnert kéinte ginn. Fir d'Michèle Wolter ass et wichteg, datt an d'Gesondheetsberuffer a besonnesch an d'Infirmieren an Infirmièren investéiert gëtt. Ënner dem Stréch géif dat nämlech Sue spueren, esou d'Chief Nursing Officer.

Am Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg schaffe ronn 15.000 Leit, mee d'Attributioune vun de 24 reglementéierte Gesondheetsberuffer géifen dacks net méi der Realitéit entspriechen, seet d'Michèle Wolter. Si ass Chief Nursing Officer, e Posten, deen et zanter zwee Méint och zu Lëtzebuerg gëtt. Dofir wier een am gaang d'Attributioune vun de Gesondheetsberuffer am Detail ze analyséieren.