Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Matbestëmmung am Fonds du Logement

Invité vum Dag

Méi Matbestëmmung am Fonds du Logement

Dee neien Direkter vum Fonds du Logement huet sech als Prioritéit gesat erëm Rou a seng Verwaltung ze bréngen. D'Mataarbechter solle kënne méi matschwätzen. Haut schaffe méi ewéi 100 Persoune fir de Fong, dat sinn der 40 méi ewéi virun dräi Joer. Bis Enn des Joers sollen nach eng Dose Mataarbechter bäi kommen, déi an d'Equipe mussen integréiert ginn. De Fonds du Logement plangt nei Quartieren.

auto_stories

2 min

Am Bauprogramm vum Fonds du Logement fir déi nei Quartieren Nei Schmelz zu Diddeleng, Wunne mat der Wolz, oder zu Iechternach si 5.500 Logementer geplangt. 70 Prozent vun deene Wunnenge solle fir d'Locatioun geduecht sinn.

Et si verschidden Acteuren um soziale Wunnengsmaart aktiv. Nieft dem Fonds du Logement, ass et d'SNHBM oder nach d'Agence immobilière sociale. Déi solle méi enk zesumme schaffen, esou den Eric Rosin. Bei der Vermëttlung vu Wunnenge soll fir d'éischt gekuckt ginn, wéi ee Service oder wéi eng Associatioun gëeegent ass fir déi individuell Demanden ze behandelen. Verschidde Stéit bräichte méi eng intensiv sozial Ënnerstëtzung ewéi anerer.

Wunnraum op den Industriebroochen

An de sektorielle Pläng sinn d'Terraine vun den Industriebrooche mat integréiert ginn. Bei der Sanéierung vun deene Brooche géif et zwou Optioune ginn. Engersäits kann een de verseuchte Buedem komplett ofdroen an dee mat neiem Buedem ersetzen. Dat wier awer extrem deier, seet den Eric Rosin. Soss kéint een déi Terraine versigelen.

Nei urbanistesch Modeller fir d'Quartieren

De Fonds du Logement ass am gaangen d'Konzept vun de Quartieren Nei Schmelz zu Diddeleng an dee neie Quartier Wunne mat der Wolz aus ze schaffen. Am Verglach mat aner Quartieren, déi virun 20 Joer gebaut goufen, géifen haut aner urbanistesch Iwwerleeungen erafléissen. De Projet géif ganzheetlech ugepaakt ginn, well d'Servicer an de Gemengen ëmmer méi professionaliséiert sinn, esou den Eric Rosin.