Moskau féiert Warnung duerch Méi Loftugrëffer an der Ukrain

An der Ukrain schéngt Russland seng Warnung duerchgefouert ze hunn: et soll méi Rakéitenugrëff op Ziler an der Haaptstad Kiew ginn. Do, an op anere Plazen am ganze Land, goufen Ziler gëschter ugegraff. Moskau benotzt des Taktik wärenddeem eng Offensiv am Oste vun der Ukrain weiderhi preparéiert gëtt.

Philip Crowther (Lwiw, Ukrain) / rb

Zerstéierung an der ukrainescher Stad Malyn no russeschen Attacken
Zerstéierung an der ukrainescher Stad Malyn no russeschen Attacken. Foto: picture alliance / NurPhoto | Maxym Marusenko

Lauschteren


Militärziler, dat sot Moskau jo och schonn um Ufank vun der Invasioun. D'Realitéit um Terrain hei an der Ukrain ass eng aner schonn zënter iwwer 50 Deeg. Ziviliste waren och Ziler, dat weess ee spéitstens zënter dem Réckzuch vun de russeschen Truppen aus de Viruerter vu Kiew, a vun de Biller vu Mariupol am Südosten.

E Militärzil war et awer, dat gëschter an der Haaptstad getraff gouf - eng Fabrick fir gepanzert Gefierer, sot Moskau. De Buergermeeschter vu Kiew, de Vitali Klitschko, huet een Doudegen a och eng Rei Blesséierter annoncéiert. Hien huet d'Méiglechkeet genotzt fir de Leit, déi Kiew verlooss haten, ze soen, datt si nach net sollen zeréckkommen. Méi Rakéitenugrëffer wiere warscheinlech.

D'Sireene sinn och nees hei am Weste vum Land lassgaangen. An der Géigend vu Lwiw goufe véier russesch Rakéite vum Ofwiersystem ofgeschoss, seet Kiew. D'Arméi mellt, datt déi Rakéite vu Fligere geschoss goufen, déi a Belarus stationéiert sinn.

Et gouf ënnerhalb vu 24 Stonne Rakéitenugrëff an aacht Regioune vum Land, datt ass e groussen Deel vum Territoire. E Rappell, datt Russland d'Méiglechkeet huet, fir egal wou an egal wéini unzegräifen.

Moskau wëll sech awer weiderhin op den Oste konzentréieren. Am Donbas soll eng grouss Offensiv kommen, op Plaze wéi Kharkiv, der zweetgréisster Stad an der Ukrain. Do sinn no Artillerie-Ugrëffer eng Rei Ziviliste gestuerwen. An zu Mariupol am Südosten sinn ukrainesch Zaldoten nëmmen nach an engem grousse Stolwierk ze fannen, seet Moskau. Déi éischt Groussstad kéint geschwënn ganz a russescher Hand sinn. Moskau géif eng zerstéiert Stad kontrolléieren, mee eng taktesch wichteg.

Méi zum Thema

Taras Chmut
Privat Initiativ

Ouni méi Waffenliwwerunge kann d'Ukrain sech net géint d'Muecht vum russesche Géigner verteidegen, dat ass de Refrain vu Kiew. Den Taras Chmut hëlleft mat senger Fondatioun fir Material bei Zaldoten ze kréien.

Novoselivka an der Ukrain
Krich an der Ukrain

Déi laang erwaart russesch Militäroffensiv am Oste vun der Ukrain huet nach net ugefaangen, seet de Pentagon. De Wladimir Putin seet, d'Invasioun géif weidergoen, bis de Kreml seng Ziler erreecht hätt.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen