Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Lëtzebuerger verloossen d'Land

Populatioun

Méi Lëtzebuerger verloossen d'Land

Ëmmer méi Lëtzebuerger dréinen dem Land de Réck a wanderen aus. D'lescht Joer hu méi Lëtzebuerger d'Land verlooss, wéi der rëm heihinner komm sinn. Dat huet de STATEC an der rezenter Etüd iwwer d'Populatioun am Grand-Duché festgestallt. Déi héich Logementspräisser kéinten ee vun de Grënn dofir sinn.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Alena.K

Lauschterenplay_arrow


3.063 Lëtzebuerger hunn d'lescht Joer hir Heemecht verlooss fir an d'Ausland ze emigréieren. Dat sinn der méi wéi an de leschte Joren, an och méi, wéi der erëm op Lëtzebuerg zeréckkomm sinn. Dat bréngt mat sech, datt et en negative Solde migratoire vu bal 1.500 Persoune gëtt.

De Gros, bal d'Hallschent vun de Lëtzebuerger, déi an d'Ausland plënneren, si Jonker tëscht 20 an 39 Joer, sou de François Peltier vum STATEC. Et wiere gläich vill Frae wéi Männer, déi an d'Ausland wunne ginn, preziséiert hien.

Ee Grond: d'Logementspräisser

Well och d'Kanner e groussen Deel an der Statistik ausmaachen, kann en draus schléissen, datt et sech ëm jonk Famille mat Kanner handelt. Dräi Véierel vun hinne ginn an eent vun den dräi Nopeschlänner, Däitschland, Frankräich oder Belsch wunnen.

D'Grënn firwat si Lëtzebuerg verloossen huet de STATEC net erfaasst, si léichen awer op der Hand, esou de François Peltier.

"Vu les âges des personnes qui quittent le Luxembourg, on peut faire effectivement l'hypothèse: pour une grande majorité d'entre eux, ils travaillent toujours au Luxembourg, mais ont décidé d'élire leur domicile près de la frontière luxembourgeoise, effectivement pour des raisons du logement et des coûts du logement."

Déi Pensionéiert vun iwwer 60 Joer, déi an d'Ausland emigréieren, maachen iwwerdeems, mat knapp 9 Prozent, nëmmen eng Minoritéit aus.