Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi héich staatlech Primme fir d'Ersetze vun Heizungen

Energie

Méi héich staatlech Primme fir d'Ersetze vun Heizungen

Fir d'Ersetze vu Mazout- a Gasheizungen duerch méi ëmweltfrëndlech Systemer sollen et an Zukunft méi héich staatlech Ënnerstëtzunge ginn: dat huet de Claude Turmes am 100,7-Interview ugekënnegt. D'Hëllefe sollen op tëschent 8.000 bis 12.000 Euro klammen, déi administrativ Prozedure solle vereinfacht ginn.

auto_stories

2 min

Fir d'Ersetze vu Mazout- a Gasheizunge sollen et an Zukunft Primme ginn, seet de Claude Turmes. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Den neie Primmesystem fir Heizunge soll am Abrëll oder Mee presentéiert ginn, dat zesumme mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg a mam Logementsminister Henri Kox, esou den Energieminister Claude Turmes.

Et solle "ganz héich" Primme ginn, sou datt een net méi erpresst ka ginn, "weder vu Russland, nach vun engem Aneren".

Geplangt wier, datt d'Primmen "nach méi gënschteg" solle gemaach ginn an déi administrativ Prozedure vereinfacht ginn, kënnegt Minister un.

Fir d'Ersetze vun enger méi grousser Zuel un Heizungen hätten et och scho Gespréicher mam Handwierkssecteur ginn. Et wier een am Gaangen eng gréisser Campagne ze preparéieren, déi am Mee soll ulafen, seet de Claude Turmes:

"An dann hoffen ech, datt mer iwwer de Summer an den Hierscht méi Mazout- a Gasheizungen ersetzen, wéi mer der jee virdrun hei zu Lëtzebuerg ersat hunn."

"Ee konsequenten Hëllefspak"

De Claude Turmes annoncéiert fir dëse Beräich ee "ganz konsequenten Hëllefspak" tëschent 8.000 an 12.000 Euro. "Wann ech mäin Haus renovéieren, kann et bis 60.000, 70.000, 80.000 Euro goen", esou de gréngen Energieminister.

Bei der Gestioun vun den Heizunge gesäit de Minister nach Spillraum fir Energie ze spueren. Gewosst war schonn, datt et vum nächste Joer un an neie Gebaier quasi net méi wäert méiglech sinn, nach eng Gas- oder Masuttsheizung abauen ze loossen.

Subside fir Elektroautoen a Vëloe gi verlängert

Gëschter hunn d'Ministeren am Regierungsrot gréng Luucht gi fir eng Verlängerung ëm weider zwee Joer vun der Primm fir Elektroautoen a Vëloen.

Bis den 31. Mäerz 2024 kann een am Kontext vum Programm "Clever fueren" deemno weider bis zu 8.000 Euro erëmkréie fir de Kaf vun engem engen Elektro- oder Plugin-Hybrid-Gefier.

Wéinst der Hausse vun den Energiepräisser ass de Mëtteg an der Chamber eng Regierungsdeklaratioun geplangt, mat duerno enger Debatt.