Radioen

On air

De Moien  |  Geklaute Konscht: d’Sich no Besëtzer a Wierker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi en héije Steiertaux op Stock Options

Steierpolitik

Méi en héije Steiertaux op Stock Options

D'Stock Options-Circulaire soll ofgeschaaft an en neie Regime gesetzlech festgehale ginn, fuerdert d'CSV an enger Motioun. Dës gouf net ugeholl. De Steiertaux op de Stock Options soll awer erhéicht ginn.

auto_stories

2 min

D'Instrument vun de Stock Options erlaabt et Spëtzeverdénger, fir sech een Deel vum Revenu a Form vun Optiounen op Aktien ausbezuelen ze loossen. Dorobber gi si mat engem effektive Steiertaux vun ëm déi 12 Prozent besteiert - amplaz vun de bis zu 42 Prozent, déi bei engem normale Salaire gëllen.

D'Majoritéitsparteien hunn an deem Kader gëschter (16.11) eng Motioun deponéiert an och guttgeheescht, déi eng Erhéijung vum Steiertaux vun 12 op 20 Prozent op den éischte Januar d'nächst Joer fuerdert. Déi Hausse gouf scho beim Depot vum Budget vum Finanzminister annoncéiert.

Stock Options zäitlech a finanziell limitéieren?

2002 gouf de Regime vun de Stock Options agefouert an 2012 iwwert Circulaire ofgeännert. Allerdéngs huet sech erausgestallt, datt et zu Abuse koum. Dee Verloscht u Steierrecettë géif bei ronn 180 Milliounen Euro d'Joer leien. An den Ae vun der CSV wier et wichteg, fir deen neie Regime iwwert ee Gesetz festzehalen. Dat wier juristesch och méi korrekt, esou den CSV-Deputéierte Gilles Roth, a verweist op den Artikel 101 vun der Lëtzebuerger Verfassung. Deemno kéint ee steierleche Virdeel just per Gesetz festgehale ginn.

"Also kann een eiser Meenung no dat net iwwert eng Circulaire maachen. A besonnesch dann, wann, wéi de Finanzminister ugekënnegt huet bei der Presentatioun vum Budget, ee géif een Taux festsetzen."

Iwwer Gesetz soll eng zäitlech a finanziell Limite festgeluecht ginn, esou d'Propos vun der CSV an hirer Motioun. Déi ass awer vun de Majoritéitsparteie verworf ginn.

Etüd iwwer méiglech Abuse fir d'Fréijoer virgesinn

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry huet kritiséiert, datt d'CSV de Regime vun de Stock Options wéilt ofschafen. Ee Regime, dee si selwer agefouert huet. De fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden hat viru véier Joer eng Hausse vum Steiertaux op 20 Prozent versprach, mä dat net ëmgesat, esou den Alex Bodry. Weider Schrëtt ginn envisagéiert, fir Abuse bei de Stock Options ze verhënneren. Wann d'Instrument vun de Stock Options Ausmoosse géif unhuelen, "datt do praktesch jidderee sech zerwéiert, fir aus dem normale Regime vun der Besteierung erauszekommen, da soe mir: 'Do muss nach eng Kéier nogebessert ginn'."

D'Majoritéitsparteie fuerderen an hirer Motioun, datt d'Resultater vun der Etüd iwwert d'Stock Options am Fréijoer virgestallt solle ginn. An, datt dono nei Regele sollen agefouert ginn, wann dat néideg wier. D'Stock Options waren um Ufank geduecht, fir d'Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg ze verbesseren an Talenter aus dem Ausland unzezéien. Virun allem d'Start-uppen.

Bäitrag iwwert Stock Optionsplay_arrow