Lëtzebuerg wier mat enger politescher Vergiessenheet a Populismus konfrontéiert, esou de Gréngen Deputéierte François Benoy, deen d'Debatt initiéiert huet. Eng méi grouss Biergerbedeelegung op lokalem an nationalem Plang géif d'Demokratie stäerken. Ma se misst virop professionell organiséiert sinn.
"Dofir muss de Kader kloer definéiert si mat enger Zilsetzung an engem Zäitplang. De Prozess muss transparent sinn. Kloer an op Aenhéicht a representativ. An e muss vu neutrale Profien organiséiert ginn, déi de Prozess begleeden."
Zum Beispill misst ee sech bei der Iddi vum Biergerrot eng Rei Froe stelle fir ze wëssen, wéi ee Format ee soll fir wéi ee Sujet huelen, esou den Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei.
"Et ass net all Method fir all Zweck gëeegent. Wat soll Participatioun bréngen? Wat soll den Output sinn? Wei laang soll den Exercice daueren?"
Inhalt, deen einfach formuléiert ass
Och d'CSV ass grondsätzlech fir méi Participatioun vun de Bierger, soulaang et am verfassungsrechtleche Kader géif bleiwen. Lëtzebuerg kéint sech un engem permanente Biegerrot sou wéi et en an de Belsch gëtt inspiréieren. Donieft sot de Gilles Roth, datt d'Participatioun de Bierger méi schmackhaft misst gemaach ginn.
"D'Leit missten an eisen Aen niewent den techneschen Dokumenter een einfache Resumé kréie mat de Kärpunkte vun deem, wat geplangt ass. An virun allem net ze voluminéis. Well soss bleift déi Participatioun, déi gutt gewënscht ass, aus."
D'CSV huet dann och un déi eege Responsabilitéit vun den eenzele Bierger erënnert. Zum Beispill wier et schwéier, d'Wallëschten an de Gemenge voll ze kréien.
Den Frank Colabianchi mengt awer net, datt et eng Politikverdrossenheet hei am Land gëtt. Den DP Deputéierten huet virop déi laang Prozedure kritiséiert, déi et souwuel op lokalem, wéi och op nationalem Niveau ginn, an déi d'Bierger géifen ofschrécken.
"Dat féiert zu Frust a Vedrossenheet bei de Leit an der Politik. Op nationalem a kommunalem Niveau. Schwätzen an diskutéieren ass gutt, handelen a realiséieren ass besser."
Vu participative Budgeten bis hin zu Referenden
D'LSAP Deputéiert Simone Asselborn-Bintz huet de participative Budget ugeschwat, deen et schonn an der Gemeng Diddeleng gëtt
"Beim participative Budget hunn d'Residente vun Diddeleng d'Méiglechkeet, konkret Projeten ze proposéieren an ze stëmme fir ee Montant, deen engem Prozent vum Budget d'inventissement entsprécht."
D'ADR huet sech nach eemol fir de Referendum ausgeschwat. Een Instrument fir d'Biergerbedeelegung, dat an hiren Aen net genuch genotzt gëtt, mengt de Fred Keup.
"Am Virfeld vun engem Referendum entsteet ee Meenungsaustausch. Et gëtt iwwer Inhalter debattéiert. Mënsche schwätzen iwwer politesch Inhalter, wat leider soss vill ze kuerz kënnt."
Fir déi Lénk misst d'Politik de Bierger d'Instrumenter méi no bréngen. Zum Beispill soll d'Aarbecht, déi den Zentrum fir politesch Bildung an dem Sënn mécht, weider ausgebaut ginn, esou d'Myriam Checchetti.
An enger Motioun déi och ugeholl gouf, hunn d'Parteien d'Regierung opgefuerdert fir zesumme mat der Chamber an den Experten eng detailléiert Analysen ze maachen iwwer d'Instrumenter vun der Biergerbedeelegung vun de leschte Joren. Dorënner de Klimabiergerrot an de Biergercomité.