Radioen

On air

E-Lodie  |  Kilometre Club - The Starring Role In Undercover Mermaid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Medezinesche Cannabis: Verschidden Ursaache fir Rupture de Stock

Medezinesche Cannabis

Medezinesche Cannabis: Verschidden Ursaache fir Rupture de Stock

Eng ze niddereg Estimatioun ass ee vun de Grënn wisou et zu enger kuerzzäiteger Rupture vum Stock vu medezineschem Cannabis hei am Land komm ass. Dat seet de Gesondheetsministère op Nofro hin.

auto_stories

1 min

D'Aschätzung esouwuel wat d'Zuel vun de Patienten ubelaangt, wéi och d'Duerchschnëtts-Dosis vu Cannabisbléie pro Patient wieren depasséiert ginn, erkläert de Gesondheetsministère. No enger Analys hätt de Ministère festgestallt, datt et engersäits grouss Ënnerscheeder tëscht de Prescriptioune pro Dokter géif ginn, an anerersäits, eng grouss Diversitéit vu Krankheeten, déi eng Verschreiwung motivéieren. Ee weidere Grond wier, datt Cannabis als Rauschmëttel zielt, wat géif mat sech bréngen datt de Ministère Importatiouns-Quotae misst respektéieren.

Déi bestallte Quantitéite kéinten deemno net vun engem Dag op deen aneren an d'Luucht gesat ginn. D'Gesondheetsdirektioun hätt eng Recommandatioun un d'Dokteren eraus ginn, fir bis op weideres kengen neie Patiente Cannabis fir medezinesch Zwecker ze verschreiwen. Fir Patienten déi den Ament net mat medezineschem Cannabis behandelt ginn, géifen awer och alternativ Behandlungsméiglechkeete bestoen, sou de Gesondheetsministère. Wéini de Stock normaliséiert wier, kéint ee momentan net virausgesinn. Zënter Februar wieren 21 Kilogramm Cannabis-Bléien verschriwwe ginn a ronn 270 Patiente hätten eng éischt Behandlung mat medezineschem Cannabis kritt.


De Panorama-Bäitrag:

Lauschterenplay_arrow