Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis

Cannamedica

Fir eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis

Cannamedica ass eng asbl, déi sech fir déi medezinesch Notzung vu Cannabis asetzt. Op hirer éischter Generalversammlung um Samschdeg huet si d'Decisioun vum Regierungsrot begréisst, fir déi Method an engem Pilotprojet z'erlaben. Allerdéngs misst d'Regierung nach vill méi wäit goen an en adequate legale Kader fir d'Notzung vu Cannabis als Therapiemëttel schafen.

auto_stories

2 min

An enger Testphas soll de Konsum vu Cannabis fir therapeutesch Zwecker erlaabt ginn. Dat hat d'Regierung Enn vum leschte Joer annoncéiert. Och wann een dësen Effort zwar begréisst, wier een awer der Meenung, datt een direkt hätt kënne méi wäit goen, seet de President vu Cannamedica, Serge Schneider.

Angscht virun der eegener Courage

Op ville Plazen am Ausland, dorënner Kanada, Israel an Däitschland, wier ee Lëtzebuerg schonn e puer Schrëtt viraus. Vläicht hätt d'Regierung Angscht virun hirem eegene Courage, mengt de Serge Schneider.

"Cannabis ass net déi klassesch Schoulmedezin, a Lëtzebuerg ee klengt Land. Menger Meenung no ass et eng Angscht virun eppes, wat si net kennen, wou si da léiwer ofwaarden, wat geschitt an Däitschland, wat geschitt an der Belsch ... A wann dat alles kloer ass, dann hu mir kee Problem, nozezéien."

Bedenke wat déi rekreativ Benotzung vu Cannabis, also d'Fëmme vun der Planz, ubelaangt, kann de Serge Schneider verstoen. Allerdéngs géifen och vill aner Medikamenter psychotrop Substanzen enthalen. Leit, déi beispillsweis Schlofpëllen oder Antidepressiva géifen anhuelen, déi kéinten och ofhängeg ginn.

Cannabis wier dofir heefeg manner schlëmm, wéi vill Medikamenter. Op wëssenschaftlecher Basis dierft et also net all ze vill Bedenke ginn, fir mat enger Legaliséierung vun der medezinescher Notzung vu Cannabis ze waarden, oder se méi restriktiv ëmzesetzen.

D'Patienten hunn déi gréissten Erfarung

Am Comité vun der Association Cannamedica, déi virun engem Joer gegrënnt gouf, sëtzt just een Dokter. Geet dat duer, fir sech op eng credibel Aart a Weis fir eng medezinesch Benotzung vum Cannabis anzesetzen? "Jo", seet de Serge Schneider.

Am Comité wieren nieft Psychologen haaptsächlech Patiente vertrueden, also Leit, déi deelweis schwéier krank wieren an Erfarung mat där Substanz hätten. Déi wéisste genee esou vill, oder heiansdo esouguer méi iwwert hir Krankheet, wéi en Dokter.


Interview mam Serge Schneiderplay_arrow