Den Ament wier et net an Aussiicht, datt europäesch Länner op nationalem Niveau Rettungsaktiounen am Mëttelmier iwwerhuelen, fäert den Thomas Kauffmann. Méiglech wier et awer.
"En 2015, il y a avait des États qui ont organisé des sauvetages en mer au niveau étatique, donc avec des moyens très importants."
Wou et domat eriwwer war, hunn d'ONGe missten iwwerhuelen, och wa se net zu genuch wieren. Zwielef Organisatioune sinn am Mëttelmier an der Séinoutrettung aktiv, mat och ongeféier souvill Schëffer.
Italieenescht Gesetz erschwéiert Séinoutrettung
MSF kritiséiert e rezent italieenescht Gesetz, dat d'Aarbecht vun den ONGen erschwéiert. Se mussen, direkt no enger Rettung, rëm zeréck op genee deen Hafe fueren, vun dem se gestart sinn. Dat ass e grousse Problem, fënnt den Thomas Kaufmann. Déi Trajeten daueren e puer Deeg an an der Zät dierfen se och keng weider Rettunge maachen.
"Ça nous empêche de porter secours à d'autres qui en auraient besoin dans le secteur."
E schwierege Wee Richtung Europa
Um Schëff vun MSF wier och medezinescht Personal fir d'Leit déi se gerett hunn entspriechend kënnen ze versuergen. Vill vun hinnen hunn e schwierege Wee hannert sech. Se wiere physescher, mentaler a sexueller Gewalt ausgesat. Ëmmer méi dacks wier dat och an Europa de Fall, bedauert den Thomas Kauffmann.
"Dans la route des Balkans - là il y a aussi des personnes qui sont refoulées aux frontières terrestres et qui sont souvent aussi maltraitées par la police et ça on le voit aussi de plus en plus."
MSF ass haaptsächlech eng medezinesch Organisatioun betount den Thomas Kauffmann. Dat heescht soubal d'Leit da genuch medezinesch versuergt wieren, géifen se rëm hiren eegene Wee goen.