Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Stella - Adagio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Medaile si flott, mee net dat wichtegst

Special Olympics zu Berlin

Medaile si flott, mee net dat wichtegst

Och wa Medailen net d'Haaptzil sinn, esou deet et awer gutt, wann een eng Goldmedaile mat heem huele kann: an dat däerf - ënner anerem - déi Lëtzebuerger Basketequipe, déi sech an der Finall géingt Däitschland duerchgesat huet. Och an aneren Disziplinnen hunn déi Lëtzebuerger Sportler Medaile gewonnen. Den Haaptmessage vum Event awer ass dee vun der Beweegung an dem Spaass.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Déi sportlech Aktivitéite bei de Special Olympics lafen ouni Stress, seet de Lieven Decroos, Delegatiounschef vun der Lëtzebuerger Equipe. Grad dofir wier d'Stëmmung och gutt. Et geet bei all deem ëm d'Beweegung, mee och em déi perséinlech Satisfaktioun fir d'Athleten.

26 Sportler aus dem Grand-Duché waren déi läscht Woch zu Berlin aktiv. Begleet goufe si vun 13 Accompagnateure mat Coachen a Kinéen.

Selektiounskrittäre fir d'Special Olympics

Engersäits gëtt e gudde sportlechen Niveau virausgesat. Fir mat ze goen, muss een awer och reegelméisseg op den Training kommen, seet de Lieven Decroos. An der ganzer Equipe ass och eng Paritéit tëschent Mann a Fra erfuerdert.

De Lieven Decroos hofft, datt d'Special Olympics weider Leit motivéieren, sech sportlech ze betätegen, an datt domat déi Lëtzebuerger Special Olympics Equipe weider wuesse kann.

Bei all deem wier et wichteg, den Inklusiounsaspekt besser ze ënnersträichen. Den Delegatiounschef ass iwwerzeegt, datt een Evenement ewéi d'Special Olmypics dozou bäidréit.